Am Moment ass am Gesetzesentworf virgesinn, datt een ëmmer en neie Schnelltest muss maachen, wann een an e neit Lokal erageet. D'Pirate fannen dat "onlogesch" a soen et wier onwarscheinlech, datt ee Moies um 8 Auer beim Kaffi negativ ass, an e puer Stonnen drop virum Mëttegiessen da positiv.
De Sven Clement kritiséiert, datt zertifiéiert Covid-Schnelltester virun allem an den Apdikte solle verkaf ginn. De Deputéierte vun der Piratepartei hätt et besser fonnt, wann de Staat eegen Testzenteren en place gesat hätt:
"Wann ee weess, datt d'Matière première, nämlech den Test selwer, tëscht dräi a véier Euro kascht, da wieren do definitiv Méiglechkeete gewiescht fir mat der ëffentlecher Hand eppes méi flächendeckendes ze maachen. Et weess ee jo och, datt d'Apdikten e bëssen ongerecht duerch d'Land verdeelt sinn. An dann, wann et haart op haart kënnt, hunn ech e bëssen d'Gefill, datt hei eng Subventioun fir d'Apdikte gemaach gëtt, wärend eng ganz Rei aner Acteuren, virun allem den Horeca, domm aus der Wäsch kucken."
D'Chamber soll e Freiden iwwer déi nei gesetzlech Reegele fir den Horeca-Secteur ofstëmmen. Déi zoustänneg Chamberkommissioun muss sech bis dohin am Detail iwwer déi nei Reegelen eens ginn. Vun e Sonnden un dierfe Restauranten a Caféen dann och nees Clienten dobannen empfänken, wa se e negativen Test kënne virweisen.