Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gesetzprojet deelweis "extrem limitativ"

Spidolsgesetz

Gesetzprojet deelweis "extrem limitativ"

De Collège médical, deen d'Dokteren, Zänndokteren an Apdikter vertrëtt, kritiséiert dat neit Spidolsgesetz. De Projet de loi, sou wéi en de Moment virläit, wäert net dofir suergen, datt d'Offer am Spidolssecteur sech entwéckelt. Am Géigendeel wäert se limitéiert ginn, stellt den Dr. Pit Buchler fest.

Christiane Kleer

auto_stories

6 min

Pit Buchler

Ee vun den zentrale Constaten vum Collège médical ass, datt de Gesetzprojet iwwer d’Spideeler ze vill strikt wier wann et ëm d’Zuel vun de Better geet. "Mir géife virschloen, datt d'Betterzuel net 'à l'unité près' an d'Gesetz gesat gëtt. Datt dat elo sou gemaach ginn ass, schéngt eis extrem limitativ", seet de President vum Collège médical, den Dokter Pit Buchler. Déi Zuel vun de Better – maximal 600 pro Spidol – kéint een nämlech bei Bedarf nëmme schwéier erëm änneren. Dat wier bei engem groussherzogleche Reglement nach méiglech, bei engem Gesetz awer schwéier.

Datt d’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch mam sougenannte virage ambulatoire méi a Richtung vu Behandlungen ouni Séjour an engem Spidolsbett wëll goen, fënnt de Pit Buchler eigentlech gutt. Allerdéngs ass hien der Meenung, datt dann och d'Moyene missten ugepasst ginn. "Do muss dann awer eng finanziell Incitatioun drun hänken, grad wéi eng Incitatioun fir datt déi Infrastrukture geschaf ginn, déi dobäi passen", sou de Pit Buchler. Fir de virage ambulatoire bräicht een dat néidegt Material a Personal.

"Do musse mer wahrscheinlech ëmdenken"

Et géifen haut grouss Ënnerscheeder ginn tëscht deem, wat ee Spidol kritt fir en ambulanten Openthalt a fir een Openthalt iwwer Nuecht an engem Bett. "Do musse mer wahrscheinlech ëmdenken, an zwar an déi Richtung, datt ee Spidol méi kritt fir den Ambulatoire wéi fir eng Hospitalisatioun", schléit de Pit Buchler vir.

Een aner grousse Prinzip, deen aus dem Gesetzprojet iwwer de Spidolssecteur ervir geet, ass deen, net méi all Service an all Spidol unzebidden. Deemno soll d'Urologie, zum Beispill, just nach an dräi vu véier Spideeler ugebuede ginn an d'Gefäßchirurgie just nach an zwee Spideeler.

Eng "intenabel" Propos

Fir de President vum Collège médical ass dat eng "intenabel" Propos. "Et ka net sinn, datt net all déi véier Spideeler vum Land dat ubidde wat mer Basisservicer nennen". All Spidol hätt eng Chirurgie, an och ee Spidol wou just Gefäßchirurgie gemaach gëtt, bräicht een Urolog. "Wa während enger Operatioun um Bauch gemierkt gëtt, datt och ee Problem un der Blos ass, da muss een Urolog do sinn", erkläert den Neurolog Pit Buchler. Am Text ass zwar virgesinn, datt ee Spidol och Doktere vun enger Spezialisatioun kann hunn ouni ee Basisservice ze hunn, mee, sou de Pit Buchler, "da muss ee mol nach Doktere fannen, déi an ee Spidol wëlle goen, dat kee Basisservice huet".

Datt am Gesetzprojet iwwer d'Spidolsgesetz och déi vill diskutéiert Kompetenzzentere virgesi sinn, fënnt de Collège médical prinzipiell gutt. Allerdéngs wier et "total aléatoire" datt d'Zuel an d'Spezialisatioun vun de Kompetenzzentre "vun uewen erof" géif festgeluecht ginn, seet de Pit Buchler. Et misst een "och un de Patient denken".

Fortschrëtt: "Nei Technike sinn deier"

E Problem gesäit de President vum Collège médical ënnert anerem am Beräich vum Kriibs. Do ass am Gesetzprojet virgesinn, datt een Zentrum fir Broschtkriibs an "aner Kriibszorte" soll entstoen. De Pit Buchler schléit awer vir, datt et de comité de pilotage vum Plan cancer soll sinn, dee festleet, wat a Saache Kriibszentrum soll geschéien. "Dee Comité huet a senge Statute ganz vill Méiglechkeeten", sou de Pit Buchler.

De Pit Buchler seet generell, datt dat geplangtent Gesetz eigentlech just eng Adaptatioun ass, a net wäitsiichteg genuch ass. "Et kommen ëmmer méi Leit an d'Land, d'Bevëlkerung gëtt ëmmer méi al an et ass och gewosst, datt een um Enn vu sengem Liewen dee gréissten Deel u Käschte verursaacht. Deem muss Rechnung gedroe ginn. Dobäi kënnt nach de Fortschrëtt vun der Medezin, déi nei Technike sinn deier", sou de Mediziner.

Doriwwer eraus ass et dem Pit Buchler, grad wéi villen aner Acteuren, wichteg, datt d'Käschte vun de Spidolsakte méi transparent opgeschlësselt ginn. An deem Sënn wëll d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch jo och déi sougenannten documentation hospitalière op de Wee bréngen.