De Xavier Bettel hätt Lëtzebuerg mat dëser Affär staark geschuet, d'CSV-Co-Fraktiounscheffin Martine Hansen. Si schwätzt vu Problemer vun Deontologie an vun der Credibilitéit vum Premier. Et wier elo "virun allem" un der Majoritéit fir ze kucken, wéi eng Konsequenze si dorausser géifen zéien.
"Ech denken, datt amplaz sech ze ducken, hätt de Premier sech virun zwee Méint scho sollen entschëllegen. Hie brauch elo net op eng Äntwert vun der Uni ze waarden, éier hie sech entschëllegt. Dat hei ass definitiv kee Gradmiesser vu Gréisst a Glafwierdegkeet, an dat virun allem fir e Premier."
Kritik: den Image huet gelidden
International wier de Xavier Bettel duerch seng Plagiatsaffär kloer geschwächt an national hätt hien u Prestige verluer, esou den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.
De Sven Clement vun der Piratepartei stellt fest, datt hien net geséich, wéi de Xavier Bettel sech ouni iergendwellech Konsequenze kéint entzéien.
D'Deputéiert vun déi Lénk Nathalie Oberweis mengt dës Affär géif vill aussoen: iwwer de Xavier Bettel a seng Aart a Weis, net ganz professionell ze schaffen. Politesch Fuerderunge géif een doraus awer keng zéien:
"D'Credibilitéit vum Premierminister huet immens gelidden. Dat ass warscheinlech dat Schlëmmst, net nëmme vun him als Persoun, mee vu sengem Amt vum Premierminister, huet immens gelidden, vun der lëtzebuergescher Regierung och an och am Endeffekt vun den Institutiounen a vun der Demokratie."