Radioen

On air

Notturno  |  Anohni And The Johnsons - Why Am I Alive Now?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Plainte géint Lëtzebuerger Spidol, dat "Stierfhëllef verbitt"

Euthanasie

Plainte géint Lëtzebuerger Spidol, dat "Stierfhëllef verbitt"

D'Associatioun Mäi Wëllen, mäi Wee huet eng Plainte beim Gesondheetsministère deposéiert, well ee Spidol hei am Land sengen Dokteren Euthanasie géif verbidden. Dat sot de President vun der Associatioun Jean-Jacques Schonckert an eiser Emissioun Riicht eraus.

auto_stories

2 min

Ëm wéi ee Spidol et sech handelt, wollt de Jean-Jacques Schonckert net soen, well d'Présomption d'innocence misst respektéiert ginn. Hien huet präziséiert, de Gesondheetsministère wier am Gaangen d'Plainte ze traitéieren. Wann no der Enquête "Konsequenze" geholl ginn, géif de "Grand-Public" dat matgedeelt kréien, esou de Jean-Jacques Schonckert. Et wier eng "Affaire à suivre."

D'Plainte vu Mäi Wëllen, mäi Wee kënnt nodeems de President vun der nationaler Euthanasiekommissioun, den Dr. Carlo Bock, am Mee am 100,7-Interview gesot hat, verschidde Palliativstatioune wären "absolutt dogéint fir Euthanasien ze maachen." Och hien hat net gesot, wéi eng Statiounen oder Spideeler gemengt sinn.

Geréng Zuel vu Stierfhëllef

D'Direktesch vun Omega 90 seet an der Palliativstatioun vun hirer Associatioun wiere schonn Euthanasië gemaach ginn. Et géif sech dobäi awer ëm eng "geréng Zuel" handelen, esou d'Christine Dahm.

Am Haus Omega géifen och keng Patienten opgeholl ginn, "déi just fir Euthanasie erakommen". De primären "Optrag" vun der Statioun wier nämlech d'Palliativfleeg, esou d'Direktesch vun Omega 90: "Wann awer e Patient um Wee vun de Soins palliatifs op ee mol seet 'ech hätt gär en aneren Choix', da stelle mir eis deem net an de Wee."

Den Dokter Romain Stein vum Collège médical huet betount, och zéng Joer no der Legaliséierung hätt sech zu Lëtzebuerg nach "keng Kultur entwéckelt fir mat der Problematik vun der Stierfhëllef ëmzegoen." De Romain Stein huet selwer schonn Euthanasië gemaach a sot, hie wéilt deemnächst eng '"End of Life"-Formatioun fir Dokteren hei am Land ubidden.


Déi ganz Emissioun Riicht Eraus mat der Christine Dahm vun Omega 90, dem Jean-Jacques Schonckert vu "Mäi Wëllen, mäi Wee", an dem Dokter Romain Stein vum Collège médical kënnt der hei ganz lauschteren: