Flüchtlingsfrae géifen ee spezifesche Gesondheetsservice brauchen, seet d'Ainhoa Achutegui. Vill Flüchtlingsfrae wieren zum Beispill net genuch iwwert d'Contraceptioun informéiert. Aner Themen, mat deenen dës Frae konfrontéiert wieren, sinn den Trauma vu der Flucht, Vergewaltegung oder Gewalt.
Am Planning kann een eng gratis Consultatioun bei enger Psychologin oder Sexologin ufroen. 80 Prozent vun de Fraen, déi de Café-Santé fir eng Berodung besichen, géifen dono d'Servicer vum Planning an Usproch huelen. Verschidde Foyere fir Asyldemandeure kontaktéiere de Planning iwwerdeems punktuell.
Prostitutioun: Gesetz nobesseren
De Planning Familial fuerdert, datt d'Clientë vun der Prostitutioun penaliséiert ginn. De Gesetzprojet, deen d'lescht Joer op den Instanzewee geschéckt gouf, wier ze begréissen, mä géif net wäit genuch goen, esou d'Presidentin vum Planning:
"Mir fuerderen ee Mentalitéitswiessel, sou datt d'Clientë vun der Prostitutioun penaliséiert ginn, an datt dat net als Kavaléiersdelikt betruecht gëtt."
De Planning baséiert sech mat dëser Fuerderung op international Studien an och op d'Situatioun um Terrain hei zu Lëtzebuerg. Vill Fraen, déi sech prostituéieren, wieren an enger vulnerabeler Situatioun. 80 Prozent wiere Migrantinnen.
#notaxtampon
De Planning Familial huet eng Campagne lancéiert, fir eng Baisse vum TVA-Saz op Hygiènesartikelen, déi Fraen am Alldag benotzen, ze fuerderen. Tamponen, Binden a Menstruatiounstase ginn aktuell mam normalen Taux vu 17 Prozent besteiert.
Aner Artikelen, wéi Limonade, gi par konter mat dräi Prozent besteiert, wëll se als liewenswichteg Produite klasséiert ginn. Dëse reduzéierten Taux och bei wichtegen Hygiènesartikelen z'applizéieren, wier eng Prinzipiefro, sou d'Ainhoa Achutegui.