Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Plastikstute just e klengen Deel vum Problem"

Ekologie

"Plastikstute just e klengen Deel vum Problem"

Zanter dem éischte Januar gëllt hei am Land ee Verbuet vu gratis Plastikstuten, déi méi deck si wéi 15 Mikrometer. Dat wier ee gudden éischte Schrëtt fir d'Gewunnechte vun de Leit ze änneren, mengt d'Isabelle Schummers, Ëmweltberoderin beim Ökozenter. D'Plastikstute wieren hirer Meenung no awer just ee klengen Deel vum Problem.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / Memoryman

Et misst ee Kader geschafe ginn, fir datt Mehrweg Léisunge sech duerchsetzen, seet d'Isabelle Schummers. Déi zentral Fro misst sinn: "Wéi kënne mir d'Gewunnechte vun de Konsumenten änneren?" Méi wichteg wier et awer, datt d'Geschäfter an d'Industrie eng Ureegung kréie fir méi ëmweltfrëndlech Verpakungen op de Marché ze bréngen."

D'Opklärung géif an dëser Fro eng wichteg Roll spillen. De komplette Verbuet vu Plastikstuten, déi nëmmen eng Kéier benotzt ginn, wier der Isabelle Schummers no keng Léisung, well soss just Alternativen op de Marché géife bruecht ginn, déi eigentlech keng besser Ëmweltléisung wieren.

Mehrwegproduite favoriséieren

Och Pabeiertuten oder Tuten aus Bio-Plastik wieren der Ëmweltberoderin no keng Léisung. "De Pabeier huet eng ganz schlecht Ëmweltbilanz, wann en net recycléiert gëtt an de Bioplastik ass zwar vläicht aus Biokomponenten hiergestallt, ass awer net zu 100 Prozent zersetzbar", esou d'Ëmweltberoderin.

De Fokus misst op Produite leien, déi e puer mol benotzt kënne ginn. Als Konsument kéint ee beim Akaf zum Beispill ëmmer eng Tut dobäi hunn, déi ee puer Mol benotze kann. Dem Gesetz no soll iwwerdeems de Joresverbrauch vu Plastikstute vun den Ament ronn 140 pro Kapp op 90 bis Enn des Jores reduzéiert ginn. A bis 2025 dierften et der net méi wéi 40 sinn.