Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Polen a baltesch Staate fuerdere permanent NATO-Presenz op hirem Territoire

Wéinst dem Ukrain-Krich

Polen a baltesch Staate fuerdere permanent NATO-Presenz op hirem Territoire

Wéinst der russescher Invasioun an der Ukrain maachen déi baltesch Staate sech Suergen ëm hir Sécherheet. Lettland grenzt u Russland, Litauen un déi russesch Exklave Kaliningrad, a béid Länner hu Grenze mam russeschen Alliéierte Belarus. Fir hiren Territoire ze schützen a fir sech géint méiglech Menacen aus Russland a Belarus ze schützen, wëlle Polen an déi dräi baltesch Staaten eng permanent Presenz vun NATO-Zaldoten op hirem Territoire erreechen.

auto_stories

2 min

Dat wier eng realistesch Fuerderung, esou de Vize-Premier a Verdeedegungsminister François Bausch de Méindeg, no senger Entrevue mam lettesche Verdeedegungsminister Artis Pabriks. Dës Fuerderung wäert och een Theema um NATO-Sommet Enn Juni zu Madrid ginn.


De François Bauschplay_arrow

"Mir si jo elo a Litaue scho present: do ass och scho virun der Aggressioun an der Ukrain eng Presenz ginn. A mir mussen och kucken, datt mer natierlech hei déi Presenz méi dauerhaft (...) hei festsetzen. Well dat ass jo dat Eenzegt, wat hinnen eng Garantie gëtt, datt se wierklech och sécher sinn. Well déi Länner hei, dat si kleng Länner. Dofir ass et mir och wichteg, datt mer haaptsächlech mat Lettland, Litauen, Estland zesumme schaffen. (...) Déi brauchen einfach eng permanent Presenz, ech verstinn dat."

Dat géif awer och bedeiten, datt d'Europäesch Unioun sech verdeedegungspolitesch besser misst organiséieren, esou de Verteidegungsminister. Et kéint een net ëmmer nëmmen ofhängeg vun den USA sinn. De François Bausch ass vun haut un an nach bis een Donneschdeg op Visitt am Baltikum: nieft Lettland steet och Litauen um Programm vum Minister.

Energiepolitik: Fir Lettland, Litauen an Estland eng Fro vun nationaler Sécherheet

A Litaue gouf den Donneschdeg de landeswäiten Ausnamezoustand bis Enn Juni verlängert, deen zënter dem Ufank vum russesche Krich an der Ukrain gëllt.

D'Parlament zu Riga hat d'lescht Woch un d'EU-Staaten appelléiert, den Import vu Pëtrol a Gas aus Russland direkt ze stoppen.

Déi dräi baltesch Staaten Estland, Lettand a Litauen importéieren zënter dem 1. Abrëll kee Gas méi aus Russland: si gesinn d'Energiepolitik als eng Fro vun der nationaler Sécherheet.

Déi fréier Sowjetrepublicke Lettland a Litaue sinn zënter 2004 Membere vun der EU a vun der NATO.