Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Jaguar Sun - One Day

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Polen-EU: Kee konkrete Message vum EU-Sommet

EU-SOMMET

Polen-EU: Kee konkrete Message vum EU-Sommet

De polnesche Premier Mateusz Morawiecki krut gëschter um EU-Sommet Géigewand ze spieren. Et huet sech awer keng Tendenz fir eng adequat Reaktioun op dat ëmstriddent Urteel vum polnesche Verfassungsgeriicht rausgeschielt.

auto_stories

4 min

Lauschterenplay_arrow


An der Kritik steet d'Urteel vum ieweschte Geriicht a Polen, deemno Deeler vum EU-Traité net konform mam der polnescher Constitutioun wieren. De polnesche Premier Mateusz Morawiezki huet sech wärend der Reunioun vun de Staats- a Regierungscheffen op en Neits hanner dat Uerteel gestallt a gesot, säi Land géif sech net erpresse loossen. Hie krut virun allem Support vun Ungarn.

"Et gëtt kee Grond Mesuren ze huelen, Polen ass ee gutt, ee vun de beschten europäesche Länner", sou den ungaresche Premier Viktor Orbán.

Fir eng Partie Länner, dorënner och Lëtzebuerg, stellt awer dat polnescht Uerteel d'Fundamenter vun der EU a Fro. Si maachen een Appell, datt d'EU seng Instrumenter notze soll fir de Rechtsstaat ze protegéieren.

Xavier Bettel: "Mir mussen driwwer schwätzen"

Et geet virun allem ëm d'Onofhängegkeet vun der polnescher Justiz, déi a Fro gestallt ass, sot zu Bréissel de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel. Do misst ënner den Staats- a Regierungscheffen driwwer geschwat ginn.

D'Kommissioun misst hir Aarbecht maachen, sou och de Premier.

"Mir hunn alleguerten d'Kommissioun ënnerstëtzt, et gi Leit, déi gesot, et misst ee sech Zäit loossen, den Dialog wier wichteg. Mee mir kënnen net esou maachen, wéi wann et egal wier."

Virun allem Frankräich an Däitschland hunn op den Dialog gepocht.

Den hollännesche Premier Mark Rutte hat um Ufank gesot, et wier schwéier sech virzestellen, datt Polen d'Suen aus dem Corona-Hëllefsfongen ausbezuelt kritt, soulaang net d'Fro vun der Onofhängegkeet vun der Justiz gekläert ass. Bis elo huet d'Kommissioun dee polnesche Plan de Relance nach net ugeholl.

Kommissioun ass um Zuch

D'Debatt wier ee Schratt, deen hëllefe sollt, eng Léisung ze fannen, huet et um Enn aus dem Ëmfeld vum Conseilspresident Charles Michel geheescht.

Am Resumé gesi wuel déi meescht Memberstaaten d'Kommissioun um Zuch, wann et drëms geet, Mesuren ze huelen. D'Staats- a Regierungscheffen hunn der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen awer ke klore Message mat op de Wee ginn, wat hir Preferenzd ugeet, wéi eng Mesuren dat an hiren Ae sollte sinn.

Roll vun der Atomenergie an der Diskussioun

D'Kommissioun soll de Maart fir de Gas an d'Elektrescht en vue vun der Hausse vun den Energiepräisser ënner d'Lupp huelen. Dat ass eng vun de Konklusiounen an der Debatt iwwer d'Hausse vun den Energiepräisser.

Eng gemeinsam Léisung gouf gëschter wéi erwaart net festgehalen. D'Länner sollte vill méi eenzel decidéieren, wéi eng Mesurë fir si a Fro kommen.

D'Kommissioun hat virun zwou Wochen eng Geschierkëscht mat verschiddene Mesuren presentéiert. Dozou gehéieren Steiererliichterungen, fir de Stéit mat niddregem Akommes ze hëllefen.

Lauschterenplay_arrow

Fënnef Stonne laang gouf gëscht iwwer eng méiglech europäesch Äntwert op d'Hausse vun den Energiepräisser diskutéiert.

Den tschechesche Premier Andrej Babiš huet insistéiert, d'EU misst den Emissiounshandel ënner d'Lupp huelen als méiglech Ursaach fir déi héich Präisser. D'EU-Kommissioun hat an de leschte Woche ëmmer nees ënnerstrach, den Emissiounshandel géif an där Dynamik wann iwwerhaapt just eng kleng Roll spillen. Um Enn gouf festgehalen, datt eng Analys gemaach soll ginn. D'Kommissioun soll ënnersichen, "ob verschidde Comportementer um Marché e weidert Reguléieren néideg maachen".

Ee vun den Sträitpunkte war d'Roll vun der Atomenergie an dësem Konflikt, mee och an der Iwwergangsphas vum Ëmbau op méi klimafrëndlech Energiesourcen.

Eng ganz Partie Länner plädéieren dofir, datt d'Atomkraaft de Label vun enger nohalteger Energie soll kréien an domat och eligibel fir EU-Finanzéierung ginn. Lëtzebuerg wiert sech zanter Joren dogéint.

Den Drock wier gëscht grouss gewiescht, sou gëschter Owend de Premier Xavier Bettel. Hie freet sech driwwer, datt d'Tentative, fir schrëftlech festzehalen, datt d'Atomenergie hei eng wichteg Roll spillen soll, gëschter awer net duerchgaangen sinn.

Festgehale gouf och, datt d'Kommissioun d'Piste vun engem eventuellen Akaf op EU-Niveau vu Gas soll ënnersichen.

Um zweeten Dag vum EU-Sommet steet eng Diskussioun iwwer d'Migratioun um Ordre du jour. Dobäi wäert ënner anerem d'Situatioun op der Ost-Grenz mat Belarus am Mëttelpunkt stoen. Eng Dose Memberlänner hunn ugefrot, datt d'Opriichte vu Maueren oder Zénk un de Grenzen sollt vun EU-Suen finanzéiert ginn.