Radioen

On air

Notturno  |  Bonnie "Prince" Billy - I Am The World's Greatest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Police judiciaire: Méi Personal, Formatioun an Unerkennung

Policereform

Police judiciaire: Méi Personal, Formatioun an Unerkennung

Déi geplangte Policereform gëtt de Besoine vun der Police judiciaire net gerecht, seet d'Presidentin vun der "Association du personnel de la police judiciaire". De Gesetzprojet misst nogebessert ginn, fuerdert d'Tanja Zwanck.

auto_stories

2 min

D'Police judiciaire schafft fir de Parquet an den Untersuchungsriichter. D'PJ enquêtéiert, sammelt Informatiounen a stellt Dossieren zesummen zu gréisseren Delikter a Verbriechen. Domadder huet d'Kriminalpolizei aner Aufgabe wéi d''Police administrative" erkläert d'Tanja Zwanck. Der geplangtener Policereform no géing deem awer net genuch Rechnung gedroe ginn.

Net genuch ausgebilt Personal

Et géing u forméiertem Personal fir d'PJ feelen. Mat der Policereform géing d'Police judiciaire zousätzlech geschwächt ginn, seet d'Presidentin vun der "Association du personnel de la police judiciaire". Der Tanja Zwanck no géing et vill Ofgäng bei der PJ ginn. Zum Beispill vu Leit mat Erfarung, déi keng Zukunft bei der PJ méi géinge gesinn. Dat, well hir Aarbecht net déi néideg Unerkennung géing kréien. Och de Justizautoritéite géing dat opfalen.

D'Tanja Zwanck selwer schafft am Beräich Blanchiment. Si krut hir Formatioun iwwert "Learning by doing", duerch d'Begleede vun erfuerenen Aarbechtskollegen an "Tuyaue" vu Comptabelen. Eelef Beamte schaffen am Ganze bei der PJ am Blanchiment. "Dat geet net duer", seet d'Tanja Zwanck. Grad am Beräich vum Blanchiment hätt d'Komplexitéit vun den Affären an de leschte Joren zougeholl. D'Personalrekrutement géing deem net gerecht ginn.

Fuerderungen

D'"Association du personnel de la police judiciaire" geheit der geplangter Policereform vir, d'Police judiciaire ze schwächen. D'APPJ fuerdert Amendementer um Gesetzprojet. An de Gesetztext vun der Policereform misst stoe kommen:

  • Wat déi spezifesch Missioune vun der PJ sinn
  • D'Mindestzuel vu Kriminalpolizisten
  • Wat déi spezifesch Kompetenze vun de regionalen Antenne vun der Police judiciaire sinn
  • Datt en direkte Rekrutement fir d'Police judiciaire agefouert gëtt
  • Eng extra Basisformatioun fir den Enquêteur
  • Datt d'Aarbecht vum Enquêteur unerkannt an deementspriechend valoriséiert gëtt

Dernieft wëll d'APPJ, datt méi Experten aus der Privatwirtschaft rekrutéiert ginn, wéi Comptabel, Juristen a Banquieren.