Radioen

On air

Notturno  |  Lucio Battisti - Ami Ancora Elisa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Politesch Parteie reagéieren op CGFP-Fuerderungen

Ëffentlechen Déngscht

Politesch Parteie reagéieren op CGFP-Fuerderungen

D'CGFP ass an hirer Roll, wa si als Gewerkschaft däitlech seet, wat si wëllt. An et ass och hiert gutt Recht, d'Parteien opzefuerderen, sech dozou ze positionéieren. Dat ass déi eestëmmeg Reaktioun, queesch duerch déi politesch Landschaft, op d'Protest-Manifestatioun vun der Staatsbeamte-Gewerkschaft. An der inhaltlecher Beuerteelung vun de CGFP-Revendicatiounen ginn et awer Nuancen.

auto_stories

2 min

Zwou Woche gëtt d'Staatsbeamtegewerkschaft de Parteien Zäit, fir ze reagéieren. Si erwaart kloer Äntwerten an acceptéiert "kee Wischi-waschi", wéi de CGFP-President Romain Wolff sech ausgedréckt huet.

déi Gréng wëlle sech awer net ënner Drock setze loossen. "Datt mir elo a 14 Deeg grondleeënd Saache soen, dat ass net wahrscheinlech", seet den Deputéierte Claude Adam.

D'DP géif sech net aus der Rou brénge loossen, seet hiren Deputéierte Gusty Graas. Hie mécht awer elo schonn däitlech, datt d'80-80-90-Reegelung fir seng Partei net zur Dispositioun steet. Déi wier mam Accord vun der CGFP festgehale ginn an hätt hir Berechtegung.

Fir d'ADR ass déi 80-80-90-Reegelung Deel vun enger méi breeder Diskussioun, déi net just den ëffentlechen Déngscht betrefft, sou den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser. "Et ass eng gesamt-gesellschaftlech Diskussioun iwwer Ausbildungsweeër a Gerechtegkeet tëschent dem privaten an dem ëffentleche Secteur."

D'LSAP hëlt zur Kenntnis, datt d'CGFP d'80-80-90-Reegelung nees a Fro stellt. Den Yves Cruchten, President vun där fir d'Fonction publique zoustänneger Chamberkommissioun, sot, hien hätt souwisou ni verstanen, firwat d'CGFP deen Deal acceptéiert hätt.

Datt si elo de Bewäertungssystem a Fro stellt, versteet den Yves Cruchten manner. Och am ëffentlechen Déngscht misste Beamte sech heiansdo bewäerte loossen. "Dat ass jo och an hirem Sënn, datt si gesot kréien, wou si sech nach kënne verbesseren, wou Potential bei hinne läit."

déi Lénk stinn hannert den zwou Kärfuerderunge vun der CGFP - Ofschafe vun 80-80-90 a vum Bewäertungssystem. Si hunn awer eng decidéiert aner Meenung, wat d'Ouverture vun der Fonction publique fir Net-Lëtzebuerger ubelaangt.

D'CSV gesäit kee Grond, fir déi méi niddereg Stage-Indemnitéiten am ëffentlechen Déngscht a Fro ze stellen, seet d'CSV-Deputéiert Octavie Modert. Déi fréier delegéiert Ministesch vun der Fonction publique hat 2011 déi sougenannten 80-80-90 Reegelung mat der CGFP ausgehandelt.

Reaktiounen op Fuerderungenplay_arrow

D'Gewerkschaft vun de Beschäftegten am ëffentlechen Déngscht hat d'Parteien e Méindeg opgefuerdert, bannent 14 Deeg Stellung ze huelen zu hire Revendicatiounen. D'Haaptuleies vun der CGFP sinn d'Ofschafe vun der sougenannter 80-80-90-Reegelung fir Stagiären a vum Bewäertungs-System. Viru bal 750 Leit hunn de President an de Generalsekretär vun der Staatsbeamte-Gewerkschaft sech och nach eemol däitlech géint e wäit Opmaache vun der Fonction publique fir Net-Lëtzebuerger ausgeschwat.