Am Ausland géifen et schonn esou kuerz animéiert Videoe ginn, déi zum Beispill erklären, wéi eng Demokratie funktionéiert, seet de Marc Schoentgen. Zu Lëtzebuerg wier et dat awer nach net ginn. Et hätt also e Besoin bestanen, och der Lëtzebuerger Gesellschaft verschidde Begrëffer an Institutioune méi no ze bréngen, seet den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung. "Zemools an engem Wahljoer". Déi kuerz Videoe sollen a liichter Sprooch dat erklären, wat soss vläicht op den éischte Bléck méi komplizéiert erschéngt.
Videoen an dräi Sproochen
Si solle virun allem Kanner a Jugendlecher an de Schoulen uschwätzen. "Et huet sech awer relativ séier erausgestallt, datt déi Filmer och bei Erwuessene funktionéieren," seet de Marc Schoentgen.
Den Ament sinn d'Videoen an dräi Sproochen, nämlech op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. "Et ass och geplangt eng englesch Versioun fir déi engleschsproocheg Communautéit zu Lëtzebuerg ze maachen."
Begrëffer gi verständlech erkläert
Déi am Ganze sechs Animatiounsvideoe goufen an Zesummenaarbecht mat der Chamber an dem Script realiséiert. Et gëtt zum Beispill erkläert, wéi d'Chamber zesummegesat ass, wéi d'Wahle funktionéieren awer och, wéi e Gesetz entsteet. Och Begrëffer wéi Demokratie ginn a verständlecher Form erkläert. "Dat ass jo och e Begrëff, mat deem vill ronderëm sech gehäit gëtt. Deen awer vläicht fir verschidde Leit e bëssen onverständlech oder mysteriéis ass."
Et gëtt awer och erkläert, wéi all Bierger sech hei zu Lëtzebuerg kann an d'Politik abréngen, Stéchwuert: Biergerbedeelegung. "An dann hu mir awer och nach e Film gemaach iwwer Europa, well Lëtzebuerg jo Deel vun der Europäescher Unioun ass."
D'Videoe fënnt een op www.zpb.lu