Radioen

On air

De Moien  |  Charel Schmit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Politiker decidéieren iwwer Politik, net Procureuren"

Gewaltentrennung

"Politiker decidéieren iwwer Politik, net Procureuren"

D'CSV-Deputéiert Viviane Reding kritiséiert, datt d'Procureur général d'État Martine Solovieff ëffentlech Bedenken iwwer déi nei 5G-Technologie geäussert huet. Zu Lëtzebuerg géifen d'Politiker iwwer d'Politik decidéieren, an net Riichter oder Procureuren, esou d'Viviane Reding.

auto_stories

2 min

D'Procureur Général kéint sech dofir net fir d'éischt bekloen, datt d'Justiz net onofhängeg genuch wier a sech dann awer mat esou Aussoe selwer an d'Politik amëschen. "Dat geet dach net", esou d'Viviane Reding, "Loosse mer dach domat ophalen". Zu Lëtzebuerg géife Politiker iwwer d'Politik entscheeden, an net Riichter oder Procureuren.

D'Viviane Reding ass der Meenung, datt d'Martine Solovieff iwwer hir Aufgaben erausgeet. "Wann ee gär Onofhängegkeet vun der Justiz hätt, dierf ee sech net an d'Politik amëschen." D'Martine Solovieff sollt mat hire Superieuren an der Regierung schwätzen, fënnt d'Viviane Reding:

"Ech war kloer genuch, meng Partei war och kloer genuch: Mir hätte gär d'Onofhängegkeet vun der Justiz - déi soll sech net a politesch Saachen amëschen."

5G: "Regierung muss Reegelen am Interêt vu Lëtzebuerg definéieren"

D'Viviane Reding ass dofir, datt mat verschiddenen Entreprisen zesummegeschafft gëtt fir e 5G-Reseau hei zu Lëtzebuerg opzebauen. Et wier un der Regierung dës nei Reseauen esou ze reglementéieren, datt se fir Lëtzebuerger Clientë sécher sinn:

"Et ass ëmmer schlecht nëmmen op een zeréckzegräifen, an deen net ze kontrolléieren. Dat heescht, eis Regierung huet eng Aufgab, nämlech hiert Vollek ze schützen, hir Wirtschaft ze schützen a Saachen opzebauen, déi dem Vollek nëtzen. Dat ass d'Basisaufgab vun der Regierung. D'Regierung soll hir Basisaufgab wouerhuelen."

Wann d'Regierung déi richteg Reegelen opstellt, gesäit d'Viviane Reding och kee Problem fir mam chinesesche Konzern Huawei zesummenzeschaffen.

D'USA a verschidden aner Länner wëllen hir 5G-Reseauen ouni Huawei-Technologie opbauen. Si geheien dem chinesesche Konzern vir, Spionage fir d'chinesesch Regierung ze bedreiwen.