Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Say Yes Dog - On And On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Polizist gouf ugeklot

No Faite ronderëm de Palais

Polizist gouf ugeklot

De Parquet deelt matt: De Polizist, deen an der Nuecht um Viirowend vum Nationalfeierdag bei enger Auernanersetzung beim Palais eng Persoun schwéier am Gesiicht blesséiert hat, wäer wéinst "coups et blessures volontaires" inculpéiert an ënner "contrôle judiciaire" gestallt ginn. De Polizist hätt am Laf vun den Ermëttlunge kënnen identifizéiert ginn a wier haut virum Untersuchungsriichter gewiescht. D'Enquête géif weider lafen. De Parquet betount, datt d'présomption d'innocence gëllt.

auto_stories

1 min