Radioen

On air

Notturno  |  Chick Corea - Windows

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Populistesch Tendenzen an den Aen vu Jonken

Europa

Populistesch Tendenzen an den Aen vu Jonken

Wat ass Populismus? Wou kommen déi Tendenzen hier? Wat bedeit dat fir Europa? Mir hu jonk Erwuessener aus europäesche Länner zum Thema befrot. Hir Léisunge schéngen evident an net komplizéiert.

auto_stories

4 min

A villen EU-Memberstaate verléieren d'Politiker d'Vertraue vun de Bierger. Dat beleeën aktuell Etudë vum Pew Research Center aus den USA, deen d'Tendenzen an der EU analyséiert huet. D'Onzefriddenheet klëmmt virun allem duerch déi onstabil politesch Lag an den USA, duerch sozial Ongläichheeten, ekonomesche Problemer an d'Immigratiounspolitik vun den EU-Memberstaaten.

Doduerch kéinte populistesch Parteien ëmmer méi u Bedeitung gewannen, seet d'Maëlle LePetit. Si schafft zanter engem Mount am kulturelle Beräich zu Lëtzebuerg. Populismus wier fir si eng Manéier fir ze denken, deen zur Ofgrenzung vu Mënsche mat aneren Originnen oder kulturellem a reliéisem Hannergrond géif féieren, erkläert déi 25 Joer al franséisch Staatsbiergerin.

Definitioun vu Populismus ass net einfach

Dacks gëtt gesot, beim Populismus géif et ëm einfach Léisunge goen. Den Terme ass allerdéngs net esou einfach ze definéieren, fënnt d'Lëtzebuergerin Leonie de Jonge. Si mécht een Doktorat iwwert de Sujet op der Universitéit zu Cambridge a Groussbritannien. Populistesch Parteie géife sech dacks fir e staarke Sozialstaat asetzen, an dofir kéint ee se och als lénks beschreiwen.

Déi meescht populistesch Parteie wieren awer riets orientéiert. Si wiere géint den Establishment a géint de System, sou d'Leonie de Jonge. "Domadder si si och géint verschidde Prinzipie vun der liberaler Demokratie. Si sinn zum Beispill géint de Pluralismus." Och fir d'Protektioun vun de Minoritéie géife si sech net asetzen.

Parteie wéi Syriza a Griicheland oder Podemos a Spuenie kéint een als lénkspopulistesch astufen. De Begrëff Populismus wier also net eenheetlech ze gebrauchen, esou d’Leonie de Jonge.

Och an der Wëssenschaft wier ee sech iwwert eng kloer Definitioun net eens. An de Medie wier et nach méi schwéier, seet déi 26 Joer al Doktorantin. Well hei wier de Begrëff Populismus kloer negativ konnotéiert, obwuel dat net ganz richteg wier. Rietspopulistesch a rietsextrem Parteien dierft een net matenee vermëschen.

Parteie wéi de Front National oder d'SVP an der Schwäiz wiere ganz kloer net rietsextrem. "Rietsextrem sinn déi Parteien, déi net d'Grondgesetzer vun der Demokratie respektéieren." Rietspopulistesch Parteie géifen net zum militanten oder gewalttätege Protest opruffen.

Angscht virun Zesummebroch vun der EU

Datt populistesch Parteien ëmmer méi populär ginn, kéim doduerch, datt ëmmer méi Leit no Äntwerten op déi aktuell Problemer an der EU sichen. An déi kréiche si vun den EU-Spëtze-Politiker den Ament dacks net, seet den Emanuele Clarizio. Den 31 Joer alen Italiener mécht en Doktorat op der technescher Universitéit Compiègne a Frankräich.

"Mir bräichten eng Politik, déi sech nees zu de Bierger hi kéiert a sech ëm hir konkret Problemer bekëmmert." De Problem wier awer, datt Europa och eng Finanz-Unioun wier an datt déi politesch Unitéit géif feelen.

Den Emanuele Clarizio diskutéiert dacks mat senge Frënn iwwert déi rietspopulistesch Tendenzen an Europa. Dat mécht och d'Mäelle Le Petit. Déi 25 Joer al franséisch Fra mécht sech Suergen, datt d'Europäesch Unioun kéint zesummebriechen. Si gesäit déi oppe Grenzen, déi fräi Zirkulatioun, den Austausch zwëschent de Kulturen a Gefor.

Polizeistaat Frankräich?

Duerch déi rezent Attentater zu Paräis, Bréissel, Nice a Berlin klëmmt d'Onsécherheet. An d'Vertrauen an d'Politiker geet zréck. An der EU gi weider Sécherheetsmesuren agefouert. D'Police- a Militärpräsenz gëtt verstäerkt. Dat géif awer net dozou bäidroen, datt ee sech méi sécher fillt, fënnt den Emanuele Clarizio. A Frankräich géif een an engem Polizeistaat liewen. Datt den Etat d'Urgence bis Juli 2017 verlängert gouf, géif manner Sécherheet bedeiten. "Dat gëtt der Police méi Muecht. Manfestatioune wäerte verhënnert ginn."

"Mir däerfe keng Mauer bauen a soen: Mir - déi Jonk, Liberal, Lénk. A si - déi Rietsextrem..." (picture alliance / Axel Heimken)

Gläichzäiteg géif d'Angscht viru rietsextremen Tendenzen an Europa an an der EU wuessen, seet d'Maëlle LePetit. Angscht ze hu wier allerdéngs déi falsch Manéier un d'Thema erunzegoen, fënnt d'Leonie de Jonge. "Mir mussen déi Saachen thematiséieren an driwwer schwätzen. Mir däerfe keng Mauer bauen a soen: Mir - déi Jonk, Liberal, Lénk. A si - déi Rietsextrem..."

Léisung: Demokratesche System veränneren

No den Attentater an deene leschte Joren hu rietspopulistesch Parteien an de Sondage kloer u Stëmme gewonnen. Mat de Wahlen 2017 an Holland, Frankräich an Däitschland kéinte Parteie wéi Partij voor de Vrijheid, d'AFD an de Front National nach méi populär ginn. D'Maëlle LePetit ass der Meenung, datt rietspopulistesch Politiker net zu enger besserer Politik bäidroen.

Et wier wichteg, mat de Populisten ze diskutéieren an net just iwwert si, betount d'Leonie de Jonge. "Populismus ass keng Krankheet, mee ee Symptom vun enger kranker Demokratie." Fir dem Populismus entgéint ze wierken, misst den demokratesche System verännert ginn.

Déi Lëtzebuerger ADR géing d'Doktorantin vun der Universitéit zu Cambridge iwweregens net zu de rietspopulistesche Parteien zielen: Déi Alternativ Demokratesch Reformpartei wier net auslännerfeindlech oder europafeindlech, esou d'Leonie de Jonge. Heiansdo géif d'ADR Stilmëttel vun de populistesche Parteien gebrauchen, allerdéngs net an deem Ausmooss, wéi Parteien am Ausland dat maachen.