Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Pornographie fréi thematiséieren"

Medien-Erzéiung

"Pornographie fréi thematiséieren"

Déi allermeescht Kanner hate schonn am Alter vun 12-13 Joer Kontakt mat Pornographie, sief et um Internet oder op der Tëlee. D'Plattform fir Internet-Sécherheet BEE SECURE réit d'Thema, esou fréi ewéi méiglech, altersgerecht ze thematiséieren, esou den Eric Krier am Gespréich mam Mick Entringer. François Aulner

auto_stories

3 min

BEE SECURE besicht am Joer iwwer 600 Schoulklassen. Op de Septièmen, am Alter vun 12-13 Joer, huet quasi all Kand scho pornografesch Biller gesinn, esou de Constat vu BEE SECURE, der Plattform fir Internetsécherheet vum “Service national de la Jeunesse”. Net just um Internet, gerode Kanner a Jugendlecher a Kontakt mat Theme wéi Pornographie, mee och op der Tëlee zum Beispill, géing et ëmmer méi Contenu ginn, dee Kanner net onbedéngt verstinn.

Och wann et "peinlech" kéint sinn, iwwert de Phänomen Pornographie mat Kanner a Jugendlechen ze schwätzen, ass den Eric Krier vu BEE SECURE der Meenung, datt de ganzen Entourage vun engem Kand oder Jugendlechen, sech dem Thema net dierf verschléissen. Sief dat d'Elteren, mee awer och d'Enseignanten an d'Educateuren. "Et soll ee sech awer och net forcéieren", esou den Eric Krier. BEE SECURE géing deemnächst eng "pädagogesch Handreichung" [nvdr: eng Assistance] publizéieren, déi hëllefe soll d'Thema unzepaken. Haapt Conseil wier awer eben: wann ee sech net géing mam Thema wuel fillen, soll een engem dat iwwerloossen, deen d'Thema kann abordéieren.

Wichteg wier et ënnert anerem z'ennersträichen, datt Porno net gläich Sexualitéit wier. Den Eric Krier fënnt et och gutt, datt d'Thema Sexualitéit an de Schoule scho ganz fréi thematiséiert gett, well d'Kanner a Jugentlecher da scho gutt préparéiert wieren, wann se méi spéit mat méi sensibelem Contenu confrontéiert ginn.

All Thema ka behandelt ginn

Nieft der Pornographie ginn et eng ganz Rëtsch aner sensibel Themen, mat deene Kanner a Jugendlecher a Kontakt kommen. D'Mick Entringer huet dës opgezielt: Gewalt, Sexismus, Rassismus, Diskriminéierung, Opruff zum Terrorismus, Opruff zum Suicid, Iessstéierungen. "Et gëtt keen Thema, dat een engem Kand net kann erklären", esou den Eric Krier. Alles kéint op eng altergerechte Niveau "deklinéiert" ginn. Et misst een dat awer och wëllen an et wier net ëmmer ganz einfach.

Bei ganz klénge Kanner wier et awer och net verkéiert, se viru problemateschem Contenu ze protegéieren, andeems een d'Medien géing "andämmen". "Dodueger, datt een net den Apparat, den Tablet huet", esou den Eric Krier. Trotzdeem kéint ee sech schlecht der Saach verschléissen.

Eng aner Generatioun

Erwuessener géingen den Internet méi wéi en Aarbechts- an Informatiouns-Instrument benotzen. Fir déi Jonk wier et éischter e Kommunikatiouns-Instrument, esou den Eric Krier vu BEE SECURE. Den Eltere réit hien mat de Kanner iwwert de Gebrauch vum Internet ze schwätzen fir hinnen hir "Liewenserfarung" mat op de Wee ze ginn.