Dem Premier Xavier Bettel seng Wahlcampagne leeft op Héichtouren. Dës Woch huet dem DP Spëtzekandidat seng Tournée uechter d'Land - "De Premier kënnt bei iech" - ugefaangen. Dernieft si Medienoptrëtter, Interviewen, Pressekonferenzen, an dem Xavier Bettel seng 'normal' Aarbecht als Regierungschef. De leschten Dënschdeg huet de Pierre Reyland de Premier op esou engem laangen Dag begleet.
Een Dag mam Xavier Bettel: