Radioen

On air

Notturno  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Portrait vun engem Onkonventionellen

Nom Doud vum Jean-Michel Treinen

Portrait vun engem Onkonventionellen

De Lëtzebuerger Auteur, Iwwersetzer, Komponist, Museker a fréieren 100,7-Mataarbechter Jean-Michel Treinen ass op Neijoerschdag am Alter vun 61 Joer gestuerwen. Erënnunge vum Claude Mangen a vum Jean-Pol Roden.

auto_stories

2 min

Jean-Michel Treinen (source: Facebook)

De gebiertege Rëmelenger huet ënnert anerem 1985 mam Theaterstéck "De Jhoss an de Fred op der Mauer" de Nationale Literaturconcours gewonnen. Aner bekannt Wierker vun him waren “Wou d’wäiss Mais Schlittschong fueren” oder “Angscht virum groussen Tunn”.

De Jean-Michel Treinen, vu Beruff Beamten am Landwirtschaftsministère, hat a senger Fräizäit och eng Rei Wierker op Lëtzebuergesch iwwersat, dorënner "Macbeth" (Shakespeare), "Der Besuch der alten Dame" (Friedrich Dürrenmatt), "Nipplejesus" (Nick Hornby) an, als gleewege Moslem, de Koran. Och als Komponist hat hie sech e Numm gemaach: D’Musek fir d’Stéck “Kveldulf”, dat am Summer op der Séibühn zu Ënsber opgefouert gouf an dat hie selwer och geschriwwen hat, kënnt aus senger Fieder.

"Mir musse méi maachen, eis selwer op d'Schëpp huelen"

De Jean-Michel Treinen war des weidere journalistesch aktiv, mat Artikele fir Den Neie Feierkrop an d'Lëtzebuerger Land. An den éischte Jore vum 100,7 hat hien Emissiounen, des leschts war et de Glawensforum.

"Dat Onkonventionellt" ass dat, wat de Claude Mangen vum Jean-Michel Treinen virun allem zeréck behalen huet. "Mir musse méi maachen, eis selwer op d'Schëpp huelen", sou d'Erënnerung, déi de Jean-Pol Roden am meeschte geprägt huet.

Lauschtert de Portrait vum Jean-Michel Treinen, sou wéi de Claude Mangen an de Jean-Pol Roden en am Gespréich mam Jean-Claude Majerus gezeechent hunn: