Radioen

On air

Notturno  |  Quantum Dot - Okay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 3,6 Millioune Passagéier

LuxAirport

3,6 Millioune Passagéier

3,6 Millioune Passagéier huet d'Fluchhafebedreiwergesellschaft Luxairport d'lescht Joer gezielt. De Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg géif immens staark wuessen, genee wéi d'Haaptstad an d'Groussregioun. Doriwwer eraus wier de Fluchverkéier iwwer Europa d'lescht Joer méi gewuess wéi geduecht, seet de René Steinhaus, Commercial Director vu Luxairport.

auto_stories

2 min

Foto: Pulsa Pictures/lux-Airport

3,6 Millioune Passagéier huet d'Fluchhafebedreiwergesellschaft Luxairport d'lescht Joer gezielt. De Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg géif immens staark wuessen, genee wéi d'Haaptstad an d'Groussregioun. Doriwwer eraus wier de Fluchverkéier iwwer Europa d'lescht Joer méi gewuess, wéi geduecht. De Lëtzebuerger Fluchhafe wier, international gesinn, e klenge Fluchhafen an an deem Beräich wiere méi grouss Wuesstemstauxe méi einfach z'erreechen, sou de René Steinhaus, Commercial Director vu Luxairport. Lëtzebuerg géif seng Positioun als Fluchhafe vun der Groussregioun weider festegen.

Keng Capacitéitsproblemer

Hie geet dovun aus, datt dëse Wuesstem an de nächste Joren awer zréckgeet. Rynanair wier dëst Joer am meeschten zu Lëtzebuerg gewuess, hätt awer och schonn en Deel vum Verkéier op aner Fluchhäfe verlagert. Fréier wiere vill Lëtzebuerger op de Fluchhafe Frankfurt Hahn gefuer. Well Ryanair awer elo och vu Lëtzebuerg aus flitt, wier dat net méi néideg.

Dëst Joer wier d'B-Gebai offiziell opgaangen, sou de René Steinhaus, et wieren also genuch Gebaier do. Elo missten nach d'Funktiounseenheeten un déi nei Capacitéiten ugepasst ginn. De Fluchhafe selwer hätt am Moment keng Capacitéitsproblemer. Et wier dovun auszegoen, datt esou Croissance-Tauxen net all Joer sou ausfale géifen.

Keng weider Airline an Aussiicht

Ryanair hätt ugekënnegt, déi zweetgréisst Fluchgesellschaft an Europa ze ginn an dat wier der Entreprise och gelongen. Genee Pläng géife momentan net virleien, wahrscheinlech géifen an Zukunft awer nach weider Destinatiounen an d'Offer opgeholl ginn, seet de René Steinhaus. Et géif momentan awer keng Gespréicher mat neien Airlines ginn, déi bis elo net vu Lëtzebuerg aus operéieren.

Well de Fluchverkéier staark gewuess ass, kritt Luxairport manner Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Staat. Dat géif sech awer net negativ auswierken, sou de René Steinhaus.

Lauschterenplay_arrow