Radioen

On air

De Weekend  |  Charlie Chaplin: De gréisste Komiker deen d'Welt gesinn huet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Logistik: Post rechent mat zéng Milliounen Euro Emsaz

Post Logistics

Logistik: Post rechent mat zéng Milliounen Euro Emsaz

Mam Logistikberäich huet d'Post huet zënter Mäerz d'lescht Joer en neit Standbeen. Bis Enn Juli dëst Joer sinn zwou Millioune Päck vun Asien aus iwwer Lëtzebuerg komm fir duerno weider an Europa verschéckt ze ginn. Fir dëst Joer rechent d'Post an deem Beräich mat engem Ëmsaz vun zéng Milliounen Euro; méi wéi dräimol souvill wéi d'lescht Joer.

auto_stories

4 min

Den Transport an d'Verschécke vu Päck géif sech zanter e puer Joer ëmmer méi staark entwéckelen, seet de Claude Strasser, Generaldirekter vun der Post. D'Bréifgeschäft géif virun allem duerch d'Digitaliséierung zeréckgoen. D'Post hätt dowéinst d'Decisioun geholl, fir sech méi staark op d'Colisen ze konzentréieren, déi och aus dem Ausland kommen, seet de Claude Strasser.

D'Colisgeschäft wier deen eenzege Volet am "Métier postal" gewiescht, dee gewuess wier. Trotzdeem hätt een an dësem Volet ni dat néidegt Potential gesinn, fir dat klassescht postalescht Geschäft ze kompenséieren. Laangfristeg géif d'Post hir Zukunft awer am eelste vun hiren dräi Metiere gesinn.

D'Post wëllt een Acteur vu ville ginn, déi Lëtzebuerg wiele fir eng Dréischeif an der Logistik ze ginn, seet de Claude Strasser. Op 6.000 Quadratmeter ginn an den Hale vum fréiere Cargo-Center an der Moyenne bis zu 18.000 Päck den Dag verschafft, déi aus Asien kommen. A Spëtzenzäiten, wéi zum Beispill viru Chrëschtdag, louch de Maximum vun de Päck am Dag bei 25.000, seet den Achim Taylor, Responsabele vun de Logistik-Aktivitéite vun der Post.

Lëtzebuerg huet "neutralen Touch"

Am wichtegste wier, datt d'Wuer séier an de Cargo-Center eran an nees eraus géif goen. Zu Amsterdam oder zu Frankfurt wier esou vill Verkéier, datt d'Wuer och mol zwee, dräi oder véier Deeg géif stoe bleiwen. Lëtzebuerg hätt an Asien och een "neutralen Touch", "dat ass net franséisch, dat ass net däitsch an dat geet ganz gutt". Domat wieren d'Clienten an Asien ganz zefridden. D'Vitess géif eng grouss Roll spillen, genee wéi de Fakt, datt Lëtzebuerg matten an Europa leit, sou den Achim Taylor.

Et wier een um Findel predestinéiert fir esou eng Aktivitéit, well de Fluchhafen an Zukunft nach ausbaufäeg wier, seet d'Hjoerdis Stahl, Directrice Adjointe vun der Post. D'Zil vun der Post wier et an Zukunft bis zu 100.000 Päck den Dag kënnen ze verschaffen.

Dës Päck sollen dann och um Findel weiderverschafft ginn. Et géif méi Sënn maachen d'Fracht an de Cargo-Center um Findel eranzezéien, se weiderzeverschaffen an dono op de Wee ze schécken, seet d'Hjoerdis Stahl.

Bei der Commande vum Client, déi iwwer Lëtzebuerg erageholl gëtt an duerno weider an Europa geschéckt gëtt, ass d'Post och dofir responsabel, datt d'Päck richteg verzollt ginn, erkläert den Achim Taylor. Wuer, déi manner wéi 22 Euro wäert ass, bräicht net verzollt ze ginn. Ass d'Wuer méi deier, géif se automatesch verzollt ginn.

D'Post als Dounesagent

Wann d'Wuer da weider un den Zoll geet, ass d'TVA an d'Douanestax scho virgerechent. Wann d'Douane Froen zur Wuer huet, beäntwert d'Post déi Fro. D'Post bezilt deemno d'Douanestaxen a kasséiert se beispillsweis an Asien. Duerno kann d'Wuer da fräi an Europa zirkuléieren. Dat wier ee vun de Mehrwäerter, déi d'Post bidde kéint. "Fir eis chinesesch Cliente si mir souzesoen de Douanesagent fir ganz Europa", seet den Achim Taylor.

Donieft huet d'Post awer am Logistikzenter um Findel nach eng zweet Aktivitéit, déi am fréiere Cargo-Center duerchgeféiert gëtt. Hei gi Webshopservicer ugebueden, an d'Lagerung vu Wueren, déi fir Clienten op Commande erausgeschéckt ginn.

"Regierung huet vill Grënn, fir weider a Logistik ze investéieren"

Am Logistikberäich sinn eleng an de leschte fënnef Joer 200.000 Quadratmeter nei Logistikhalen hei am Land gebaut ginn, seet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider. 700 Entreprisë schaffen am Logistikberäich, mat am Ganze ronn 13.000 Salariéen. Dat géif weisen, datt d'Aktivitéit vun der Logistik zu Lëtzebuerg zanter Jore kontinuéierlech Progrèse gemaach hätt, seet den LSAP-Minister Etienne Schneider. D'Entreprisë géife vun der zentraler Lag a vun der héijer Demande vun Entreprisen, déi ausserhalb vun Europa op den europäesche Marché wëlle kommen, profitéieren. Dës Entreprisë benotze Lëtzebuerg als hiert Dréikräiz, fir vun hei aus hir Wueren an Europa ze verdeelen. Fir d'Regierung gëtt et awer nach weider Grënn, fir an d'Logistik ze investéieren, seet den Etienne Schneider.

Et hätt een erkannt, datt Lëtzebuerg ëmmer méi zu engem High-Tech Land géif ginn. Och d'Finanzplaz géif ëmmer méi wichteg ginn a virun allem héichqualifizéiert Aarbechten ubidden. Et wier der Regierung awer wichteg gewiescht, fir nach e Secteur ze entwéckelen, deen och Aarbechtsplaze schaaft, fir manuell Aarbechten, sou de Wirtschaftsminister Etienne Schneider.

Fir den Ament lount d'Post déi fréier Hale vum Cargozenter, dat wier awer just eng temporär Léisung. An Zukunft wéilt een eng nei Hal fir dës Aktivitéite bauen. Et ass awer nach net gewosst wou a wéini dat soll sinn, heescht et vun der Post.