Radioen

On air

Tockcity  |  LA Priest - City Warm Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Post-Mataarbechter mam Coronavirus infizéiert

Coronavirus

Post-Mataarbechter mam Coronavirus infizéiert

D'Post-Direktioun huet op eis Nofro hin elo kuerz virun 12 Auer confirméiert, datt ee vun hire Mataarbechter positiv op de Coronavirus getest gouf. Dës Persoun géif net hei am Land wunnen, a si géif bei der Post an engem administrative Service schaffen, deen net a Kontakt mat Clientë wier.

auto_stories

1 min

Den infizéierte Mataarbechter wier zanter dem 3. Mäerz doheem isoléiert, also schonn éier d'Resultat vum Test virlouch. Entspriechend dem Pandemie-Plang vun der Post wieren all déi néideg Preventiouns-Mesurë geholl ginn. All déi Mataarbechter, déi an enkem Kontakt mam Infizéierte waren, goufe gebiede vun doheem aus ze schaffen, esou d'Direktioun vun der Post.