Dee neien Accord tëscht Post Luxembourg a Singapore Post (SingPost) ass e weidere wichtege Schrëtt vun der Post-Strategie fir d'Logistikgeschäft weider auszebauen. Dat wier och ganz am Sënn vun der Regierung hiren Efforten, d'Logistik als Pilier vun der Lëtzebuerger Wirtschaft weider z'entwéckelen, esou den Etienne Schneider. Dem Wirtschaftsminister no bréngt déi nei Kollaboratioun mat Singapur eng ganz Partie positiv Entwécklunge fir de Secteur.
Lëtzebuerg: Schnëttstell fir e-Commerce aus Asien
SingPost verdeelt an Zukunft all d'Päck a Commanden, déi aus Singapur an Europa kommen iwwert d’Lëtzebuerger Post. "Dat ass en décken Optrag fir d'Post", esou den Etienne Schneider. Dat ëmsou méi, well SingPost am Gaange wier um chinesesche Marché am Beräich e-Commerce Fouss ze faassen an dobäi wier Partner vu China ze gi fir d’Päck weltwäit ze verdeelen. Och do kéint de ganze Volet Europa deen aus China iwwer SingPost kéim dann iwwert d’Lëtzebuerger Post verdeelt ginn.
Nei Opträg fir d'Cargolux
Dem Etienne Schneider no soll Cargolux mat agebonne gi fir d'Päck anzefléien, déi vu Singapur op Lëtzebuerg kéimen. "Et ass also och e gudden Deal fir d'Cargolux", esou de Wirtschaftsminister. D'Verhandlunge géinge nach lafen. Et missten nach technesch Detailer gekläert ginn, och iwwert d'Fluchrouten. De Wirtschaftsminister ass awer optimistesch a geet dervun aus, datt dat a nächster Zäit geregelt géing ginn.
Akkord mat Signalwierkung
De Volume vun de Päck an Opträg, déi fir d’Post duerch deen Deal mat SingPost entstinn, wier schwéier anzeschätzen, seet den Etienne Schneider. Den Ament wier et "nach net massiv". Et wéisst een awer net, wéi eng Part vum chinesesche Marché do an Zukunft nach derbäi kéim. De Kontrakt hätt op alle Fall vill Potential.
D'Kollaboratioun mat SingPost hätt och eng Signalwierkung, betount nach de Wirtschaftsminister. D'Post géing den europäesche Partner vun engem wichtegen asiatesche Land ginn. Dat wier positiv fir d'Visibilitéit an d'Reputatioun vun der Lëtzebuerger Post. Den Etienne Schneider hofft, datt an Zukunft weider Länner am asiatesche Raum Akkorde mat der Lëtzebuerger Post fir d’Distributioun an Europa wéilte maachen.
Interessi fir spacersources.lu
Bei der Visite vun der Lëtzebuerger Delegatioun hätt Singapur och Intressi un der Lëtzebuerger spaceresources.lu Initiativ gewisen. Fir déi zukünfteg Exploitatioun vu Weltall-Ressourcë wëll de Grand Duché jo e globale Leader ginn. Zwou amerikanesch Firmen, Deepspace Industries a Planetary Resources , hu schonn Accorde mat der Lëtzebuerger Regierung ënnerschriwwen.
"De singapuresche Wirtschaftsminister, deen och Finanzminister ass, huet mech spontan drop ugeschwat", esou den Etienne Schneider. Singapur wier "staark drun intresséiert" fir mat Lëtzebuerg un der spaceresources Initiative matzeschaffen an hätt Detailer gefrot. En Akkord gëtt et nach net.
Den Etienne Schneider geet awer dervun aus, datt d'Diskussiounen iwwert eng méiglech Participatioun vu Singapur bei spaceresources.lu am November mam Premier vu Singapur kënne weider goen.