Wéinst der sanitärer Kris ginn d'Konte fir 2019 eréischt ufanks Juli ugeholl, esou de Philippe Dauvergne am 100,7-Interview. Et hätt een d'Situatioun zwar e bësse verbessere kënnen, mee et wier nach kee "Break-even".
Poste muss net besat ginn
De Robert Goebbels seet op Nofro, datt d'Geschäfter vum Freeport sech wéinst de Reputatiounsproblemer vum Haaptaktionär Yves Bouvier net gutt entwéckelt hätten. D'Plainte vum russesche Milliardär Dmitry Rybolovlev géint den Yves Bouvier wéinst Bedruch bei der Vente vu Konschtwierker zu Monaco gouf d'lescht Joer am Dezember annuléiert. Wéinst där Affär hat de Robert Goebbels de Virsëtz vum Freeport iwwerholl.
De Philippe Dauvergne seet, dee Poste misst net onbedéngt besat ginn, soulaang et en Administrateur-delegué gëtt. Dat ass de Moment seng eege Roll, mee och de Philippe Dauvergne, bleift net méi laang. Wann d'Aktionären hie géife froen, kéint hien awer nach e puer Méint bleiwen.
Eng nei Strategie
De Freeport gouf mat der Iddi gebaut fir Konscht- a Luxusgidder ze stockéieren. Mee de Moment si just 55 Prozent vu de Fläche verlount, esou de Philippe Dauvergne. Dofir gouf un enger neier Strategie geschafft. D'Zil wier et fir een Drëttel vun de Säll fir Konschtwierker ze verlounen, een Drëttel fir Wäertsaachen ze sécheren, wéi zum Beispill Gold, an een Drëttel fir industriell Produiten.
Zu den Industrieproduiten zielt hien deier Medikamenter. Schonn d'lescht Joer wier ee mat ville Leit a Kontakt gewiescht wéinst deiere Medikamenter, an dat kéint e wichtege Secteur fir de Freeport ginn, esou de Philippe Dauvergne.