Radioen

On air

Notturno  |  William LX - Carmelo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Präisreduktioun um Sprit: Entlaaschtung pro Stot vu ronn 20 Euro

Tripartite

Präisreduktioun um Sprit: Entlaaschtung pro Stot vu ronn 20 Euro

De Liter Diesel a Bensinn kaschte vun haut un a bis Enn Juli 7,5 Cent manner. Dës Mesure gouf an der Tripartite festgehalen. Pro Stot bedeit dat eng Entlaaschtung vu ronn 20 Euro, erkläert den Tom Haas vum STATEC.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Zanter Mëtternuecht an nach bis Enn Juli kaschten de Liter Diesel a Bensinn op der Tankstell 7,5 Cent manner: am Tripartite-Accord hat d'Regierung sech Enn Mäerz fir dës temporär Präisreduktioun engagéiert. De Staat verzicht op een Deel vun den Accisen.

Den Tankrabatt fir en Zäitraum vu gutt dräi Méint bedeit fir een Haushalt eng Entlaaschtung vun duerchschnëttlech 20 Euro, erkläert den Tom Haas vum STATEC.

D'Mesure géif awer éischter deene "besser gestallte" Stéit zegutt kommen, well déi méi Auto fueren a méi, an deelweis och méi déck Autoen hätten.

CO2-Emissioune kéinten eropgoen

D'Reduktioun ëm 7,5 Cent um Liter Diesel a Bensinn vun haut u géif awer och mat sech bréngen, datt de Gesamtverkaf wäert klammen. Wa méi verkaf géif ginn, dann hätt dat och e positiven Impakt op d'Staatsfinanzen, mengt den Tom Haas.

Wéinst der Präisreduktioun bei Diesel a Bensinn an dem méi héije Gesamtverkaf, dierften allerdéngs och d'Kuelendioxid-Emissioune klammen. Wat dat fir d'Klimaziler bedeit, misst de STATEC nach berechnen, seet den Tom Haas: déi Resultater géifen dann am Juni verëffentlecht ginn.

0,5 Prozentpunkte manner héich Inflatioun

Fir datt déi ugekënnegt Reduktioun vun och 7,5 Cent um Liter Heizungsmazout kann a Kraaft trieden, muss nach e Gesetz gestëmmt ginn: dës Mesure soll bis d'Enn vun dësem Joer gëllen.

Duerch d'Mesuren op Bensinn, Diesel an Heizungsmazout zesummen, dierft den Inflatiounstaux 0,1 Prozentpunkte manner héich sinn, esou d'Erklärung vum Tom Haas vum STATEC.

D'Mesuren op Gas a Stroum dierften een Impakt vun 0,4 Prozentpunkten hunn: alles an allem also een hallwe Punkt manner beim Inflatiounstaux fir 2022: domat rechent de STATEC.