Radioen

On air

Notturno  |  Call Super & Julia Holter - Illumina

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng modern Monarchie ass eng, déi sech hirer Zäit upasst"

40. Gebuertsdag vum Prënz Guillaume

"Eng modern Monarchie ass eng, déi sech hirer Zäit upasst"

Den Ierfgroussherzog war haut op sengem 40. Gebuertsdag Invité um Radio 100,7. Am Gespréich huet de Prënz duerchblécke gelooss, datt hien - grad wéi säi Papp a säi Grousspapp - Lieutnant-représentant vum Grand-Duc wäert ginn, ier en d'Roll vum Staatschef iwwerhëlt.

auto_stories

2 min

D'Traditioun vun deem duussen Iwwergang wier "eng gutt Saach", sou den Ierfgroussherzog. Wéini et zu där Lieutnance kënnt, wollt hien awer net verroden.

"Eng modern Monarchie ass eng, déi sech hirer Zäit upasst", sou de Prënz iwwer zukünfteg Roll als Staatschef. Eng modern Monarchie wier mënschlech an oppen, um Terrain ënnerwee - dat wier eppes, wat him géif gefalen a wou e géif mierken, datt dat seng Roll ass.

Mat der Diskussioun iwwer de Rapport Waringo wieren Tabue gebrach ginn, déi dem Respekt virun der Institutioun Monarchie geschuet hätten, esou de Prënz Guillaume weider. Dat géing awer net heeschen, datt een Angscht virun der Zukunft hätt:

"Ech kucke mat ganz vill Zouversiicht an d'Zukunft. Well ech mierken awer elo och, datt mer Strukturen hunn, déi eis entouréieren, Leit, déi eis entouréieren, déi gutt sinn an op déi mer eis kënne stäipen."

An deem Kontext géif och d'Grand-Duchesse eng wichteg Roll spillen:

"An enger Monarchie kann ee souwisou net vun der Net-Roll vun der Grande-Duchesse schwätzen. Wa mer ronderëm eis kucken: de Conjoint vum Régnant huet ëmmer eng ganz grouss a ganz wichteg Roll ze spillen. An dat ass och bei eis esou. Wann ech gesi wéi meng Fra sech asetzt fir eng Ambassadrice ze sinn an der Kultur, fir deene Leit, deenen et manner gutt geet, entgéint ze kommen ... dat ass eng Représentatiounsroll, déi och vun der Grande-Duchesse an der Grande-Duchesse héritière erwaart gëtt."