Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ President vum Domaine Thermal Munneref: Géint all Form vu Russen-Bashing

Gagarin-Büst

President vum Domaine Thermal Munneref: Géint all Form vu Russen-Bashing

Nodeem am Park zu Munneref d'Büst vum Juri Gagarin wéinst dem Ukrain-Krich zougedeckt gouf, seet de President vum Domaine Thermal, datt ee kee Politikum doraus wéilt maachen. D'Decisioun géif awer net réckgängeg gemaach ginn, esou de Paul Hammelmann. An der Sitzung vum Verwaltungsrot vum Domaine Thermal, gouf haut iwwert d'Entscheedung geschwat, d'Konschtwierk mat Plastik anzepaken.

auto_stories

1 min

Hie wier géint all Zort vu "Russen-Bashing", sou de Paul Hammelmann, President vum Domaine Thermal zu Munneref. Hie géif d'Decisioun, fir d'Büst vum Juri Gagarin zouzehénke regrettéieren "mee déi Decisioun ass geholl ginn, op Drock vu verschiddenen Awunner, souwäit ech informéiert sinn, vum Buergermeeschter vu Munneref, deen awer op seng Awunner lauschtert, wat ech och net falsch fannen".


De Paul Hammelmannplay_arrow


Et wier een awer absolutt net géint Russen, sou de Paul Hammelmann an "dee gudden Här Gagarin huet net dat geréngst mam Putin ze dinn".

Aktivisten hunn de Plastik mëttlerweil erëm erofgeholl

Wéinst der Mediatiséierung vum Thema géif een elo fäerten, datt et zu Vandalismus kéim, esou de Paul Hammelmann weider. D'Konschtwierk gehéiert dem Munnerefer Fligereimusée a steet am Park vum Domaine Thermal.

Nodeem d'Büst vum sowjetesche Kosmonaut Juri Gagarin zwou Woche laang zougehaange war, hätten dräi Aktivisten d'Plastiksfolie haut erof geholl, huet d'Lëtzebuerger Wort de Mëtteg online gemellt.