Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Rolling Blackouts Coastal Fever - The Way It Shatters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ President vum europäesche Rechnungshaff weist Reprochen zeréck

ENQUÊTE VU “LIBERATION”

President vum europäesche Rechnungshaff weist Reprochen zeréck

Am Europaparlament huet gëschter Owend de President Klaus-Heiner Lehne vun der Europäescher Cour des Comptes Stellung geholl zu de Reprochen, déi déi franséisch Dageszeitung "Libération" géint hien an aner Membere vun der Cour erhuewen hat. Et bleiwen awer Froen op.

auto_stories

4 min

De Klaus Heiner Lehne trëtt an der Kommissiounssitzung zu Bréissel ganz selbstsécher op - et ass säin aalt doheem, hie souz ëmmerhin 20 Joer laang fir seng Partei, déi däitsch CDU, an deem Parlament - an hat selwer gefrot, sech hei dierfen zu de Reprochen, déi e Freideg an der Libération erhuewe goufen, Stellung ze huelen.

Primme fir fiktiv Residenzen, Abuse bei Note de frais, Missiounen, déi net kontrolléiert goufen, d'Reprochen aus der Enquête ënner der Regie vum Journalist Jean Quatremer weie schwéier.

Deen Artikel géif op falsche Behaaptungen an falschen Interpretatioune vun de Reegele berouen - dat ass dat kategorescht Urteel vum Klaus-Heiner Lehne dozou.

Déi 27 Memberen vun der Cour des Comptes kréien, grad ewéi héich Mandatairen a Fonctionnairen, eng extra Primme vu 15 Prozent vun hirem Gehalt. De Klaus-Heiner Lehne hätt also bei enger Pai vu 24.000 Euro all Mount 3.600 Euro krut, sou "Libération".

Generéist, ma keen illegaalt Wunngeld fir Rechnungshaff-WG

Esou vill Suen stéingen him awer guer net zou, well de Loyer fir den Duplex vill méi niddereg ass. Ëmsou méi, well an deem nämmlechten Appartement och nach op d'mannst zwee vu senge Mataarbechter residéieren, déi dofir och eng Primm kréien.

"Der Rechnunshof weist die zu angeblich fiktiven Residenzen zurück. Gleiches gilt für die darauf beruhende Aussage, Residenzzulagen seien in rechtswidriger Art und Weise ausbezahlt worden. Wer die Verordnung liest, weiss, die Residenzzulage ist ein Teil des Gehalts und unterliegt keinen weiteren Voraussetzungen", sot dozou am Parlament, de Klaus-Heiner Lehne.

Seng Famill wier net mat op Lëtzebuerg geplënnert, ma géif weider zu Düsseldorf wunnen, hie géif dat maachen, wat vill Leit maachen: nämlech pendelen. An der Woch wier hien zu Lëtzebuerg an de Weekend zu Düsseldorf.

Déi Primm stéing jiddwerengem zou, deen zu Lëtzebuerg residéiert, erkläert de President. Fir ze beweisen, datt dat bei him de Fall ass, huet hien extra säi Bail matbruecht, deen hält en an d'Luucht an erkläert den Europadeputéiert, datt een ouni esou een Noweis iwwer eng Residenz zu Lëtzebuerg net an de Genoss vun enger Wunn-Primm kënnt.

Joëlle Elvinger: Membere vun der Cour si present zu Lëtzebuerg

Datt am nämmlechten Appartement zwee Memberen vu sengem Cabinet ugemellt sinn, streit de Klaus-Heiner Lehne iwwerdeems net of. Et géif sech hei ëm eng grouss Wunneng vun 160 Quadratmeter handelen. An:

"Ich sehe hierin nicht das geringste Problem. Das hat mit der Anwwesenheit in Luxemburg absolut nichts zu tun. Es ist meine Privatsache, wo und mit wem ich in Luxemburg lebe."

Trotzdeem huet déi net ganz alldeeglech Wunngemeinschaft bei verschiddenen Europadeputéiert fir Irritatiounen gesuergt. En Partie vun hinnen hunn no méi Informatiounen och iwwer d'Presenz vum Rescht vun de Membere vun der Cour zu Lëtzebuerg gefrot.

Déi Lëschte géif et ginn, sou de Klaus-Heiner Lehne, a si géife weisen, datt déi Presenz ganz héich ass. Dat confirméiert d'Joëlle Elvinger, Lëtzebuerger Member vun der Cour des Comptes esou:

"Wat mech perséinlech ugeet, wann ech ee brauch a perséinlech mat engem Member vun der Cour schwätze wëllt, si se do. Mir hunn eng Presenz vu 96 Prozent an eise Meetingen. Natierlech sinn d'Memberen, wa se op Missiounen sinn, net zu Lëtzebuerg. Et ass och eis Charge fir d'Cour des Comptes dobaussen ze representéieren."

Legal awer vläicht net virbildlech

An der Sitzung am Parlament goufen och déi aner Reprochen duerchgeholl, d'Deputéiert hate virdrun ee "Factsheet" mat Reaktioune vun der Cour krut. Ganz iwwerzeegt war nom Hearing net jiddwereen. Net géint ee Gesetz ze verstousse wier eng Saach, sot nom Hearing de gréngen Europadeputéierten Daniel Freund.

"Was mich irritiert bei den Vorwürfen des Präsidenten ist vor allen Dingen das Pochen auf das was, legal ist. Der Rechnungshof hat eine Vorbildfunktion, mit Steuergeldern gut umzugehen. Dann zu sagen, man nutzt den legalen Spielraum voll aus, um den maximalen Vorteil für sich selbst oder seine Mitarbeiter herauszuholen, kommt dieser Vorbildfunktion nicht nach."

De Klaus-Heiner Lehne huet wärend der Auditioun zouginn, datt verschidde Reegelen, zum Beispill doriwwer, wéi d'privat Benotzen vun engem Déngschtwon soll ofgerechent ginn, sollten iwwerschafft ginn.

Verschidden Europadeputéiert hunn een onofhängegen Audit gefuerdert. Et solle lo mol d'éischt déi Auditen, déi scho gemaach goufen, vum Parlament consultéiert ginn. De Klaus-Heiner Lehne ass iwwerdeems am gaangen ze iwwerpréiwen, ob hien eng Plainte mécht wéinst Diffamatioun. Esou eppes wier "net einfach" huet um Enn vun der Sitzung d'Presidentin vun der Budgets-Kontroll-Kommissioun vum Europaparlament a Parteikolleegin vum Klaus-Heiner Lehne, d'Monika Hohlmeier gesot an ob "Problemer mat der Pressefräiheet" higewisen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.