Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bis zum Schluss ondecidéiert

Franséisch Presidentiellen 2017

Bis zum Schluss ondecidéiert

47 Millioune Fransouse kënnen tëscht eelef Kandidate wielen. Seele war een éischten Tour vun de Presidentiellen esou onprevisibel. Nach op de Wahlbüroe sinn ondecidéiert Wieler unzetreffen.

auto_stories

3 min

Et war éischter eng méi eeler Populatioun, déi op dësem 23. Abrëll moies fréi an enger Primärschoul vum 13. Arrondissement vu Paräis wiele gaange ass. A verschiddener woussten och de leschte Moment nach net wie se sollte wielen.

Zum Beispill déi 73 Joer al Retraitéiert Marie: "Ech hu bis zum Schluss hesitéiert. Bal hätt ech einfach d'Bulletinë vun zwee Kandidate geholl an dann nom Zoufallsprinzip een dovunner ausgesicht. Mee um Enn hunn ech awer decidéiert, de François Fillon ze wielen."

De Fillon an d'Justiz

Anerer wore méi iwwerzeegt. De Bernard ass Employé an enger Cybersecurity-Firma. Hien ass extra fréi opgestane fir d’Schlaang virum Wahlbüro z’evitéiren. Fir hien gëtt et just ee Kandiat an dat ass de François Fillon.

Zur Affaire ronderëm de rietse Kandiat wéinst der presuméierter fiktiver Beschäftegung vu senger Fra a senge Kanner, seet de Bernard: "Stellt Iech vir, d'Justiz decidéiert muer hien net ze poursuivéieren. Da wäerte vill Fransousen op d'Strooss goen, fir Neiwahlen ze fuerderen.

Den FN, eng normal Partei

Iwwer 600 "Likes" krut de Michaël op Facebook fir eng Foto op där d’Plakater vun den zéng anere Kandidaten zerrappt sinn a just dee vum Marine Le Pen ze gesinn ass.

De 37 Joer alen Employé hätt keng Angscht méi ze soen an ze weisen, datt hien de rietsextreme Front National wielt: "De Front National ass elo eng Partei ginn ewéi déi aner".

Fir de Michaël ass de Front National eng Partei "ewéi déi aner".

Ee konservativen Arrondissement

Sympathisante vum Jean Luc Mélenchon senger lénker Bewegung "France Insoumise" konnte mir de Muere keng am 13. Arrondissement keng fannen.

Dofir awer de Kevin, deen de Benoît Hamon wielt. Och wann de Kandidat vun de Sozialisten de Sondagen no keng grouss Chance huet ze gewannen, géif hie senger Iwwerzeegung trei bleiwen: "Ech wëll net just 'en fonction' zu de Sondagë wielen."

Fir Europa, an dowéinst fir de sozial-liberalen Emmanuel Macron huet sech ee vun deene rare jonke Wieler virum Wahlbüro am 13. Arrondissement ausgeschwat. D’Sophie huet 27 Joer an ass iwwerzeegt, datt de Kandidat vun "En Marche" Frankräich rette kéint: "De Mélenchon an d'Le Pen sinn zwee Extremisten a kommen dowéinst net a Fro. Den Hamon huet eng ze vill utopesch Visioun vu Frankräich an de Fillon mat sengen Abuse geet guer net."

Eng Stëmm fir ee Souveränist

Kaum Chancen ze gewannen hunn ënnert anerem de Souveränist François Asselineau a seng Union populaire républicaine (UPR). Op d'mannst eng Stëmm krut hien awer de Moie vum Georges. Déi aner Kandidate géifen hien net interesséiren. "Firwat mat deene weider fueren, déi do sinn? Ech sinn dach net verréckt!"

E klore Favorite gouf et am 13. Arrondissement vu Parais net, d'selwescht wéi an den nationale Sondagen, déi virun de Wahlen gemach goufen: Deemno hätte véier Kandidaten eng Chance sech fir d'Stéchwahl am zweeten Tour vum 7. Mee ze qualifizéieren: D'Marine Le Pen, den Emmanuel Macron, de Jean-Luc Mélenchon an de François Fillon.

Wahlbedeelegung

Ee wichtege Facteur bei dëse Wahlen ass viraussiichtlech d'Abstentioun. D’Sondage-Instituter rechnen dermat, datt ronn 25 Prozent vun de Wieler sech enthalen. 2012 louch d'Abstentioun am éischten Tour bei ronn 20 Prozent.

De Mëtteg louch d'Wahlbedeelegung bei 28,54 Prozent, wat liicht méi ass wéi 2012 ëm déi selwescht Zäit.

D'Wahlbüroe si bis aacht Auer den Owend op.


De Reportage vum Maxi Pesch:

Wahlbüro zu Paräisplay_arrow