De Staatsrot soll a senger Zesummesetzung dat politescht Kräfteverhältnis an der Chamber rëmspigelen, steet am Gesetzprojet iwwert d'Reform vum Conseil d'Etat. Deem seng Presidentin Viviane Ecker fënnt et zwar "richteg, datt all Parteie vertruede sinn". Gläichzäiteg misst een "oppassen, datt en net ze vill politiséiert" an doduerch méi ofhängeg vun de Parteie gëtt .
Dofir hätt de Staatsrot och Bedenke wann et drëms geet, nieft den Deliberatiounen, och d'Stëmmverhale vu senge Memberen iwwert déi sëllech Avise publik ze maachen. "Verschidde Leit kéinte mengen: Mee eis Partei wëll dat do net, also musse mer dogéint stëmmen", sou d'Viviane Ecker. Dofir hätt ee virgeschloen, am Fall vu Meenungsverschiddenheete bei engem Avis (an der Regel gi se eestëmmeg ugeholl) de Public driwwer z'informéieren, mat wéi vill Stëmmen den Text gutt geheescht gouf.
Fro vun Interessekonflikter géif sech manner stellen
Den Deontologiekodex, un dee sech d'Membere vum Staatsrot sollen halen, geséich an Zukunft Sanktioune bei ganz bestëmmten disziplinaresche Feeler vir, sot d'Viviane Ecker. Kritiséiert gouf dee "code de déontologie", dee sech de Staatsrot selwer ginn huet, well ugangs weder Strofe nach eng extern Kontroll virgesi waren. D'Fro vun eventuellen Interessekonflikter géif sech souwisou manner stellen, well am Staatsrot no senger Reform keng individuell Decisioune méi solle geholl ginn, sou seng Presidentin.
D'Viviane Ecker verséchert op Nofro, datt déi geplangte Steierreform vu kengem Conseiller wäert aviséiert ginn, dee selwer un der Ausschaffung vun der Reform bedeelegt war. De grénge Member vum Staatsrot Mike Mathias ass an deem Fall.
Dréngend Reglementer: geriichtlech Kontroll misst bleiwen
Am Avis vum Staatsrot iwwert d'Reform vum Staatsrot gëtt et eng eenzeg "opposition formelle", där d'Regierung muss Rechnung droe wa se sech een zweete Vote an der Chamber wëll spueren. De Conseil d''Etat stéiert sech drun, datt d'Regierung an Zukunft soll kënnen op eng geriichtlech Kontroll verzichten am Fall vu "règlements grand-ducaux urgents".
Fir des Zort vu groussherzogleche Reglementer ass d'Regierung net op den Avis vum Staatsrot ugewisen. "Mir sinn d'Avis, datt dat géint d'Verfassung verstéisst", sou d'Viviane Ecker.
D'Viviane Ecker war Invité beim Mick Entringer: