Radioen

On air

De Moien  |  Janet Jackson - Got 'Til It's Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Presserot verurteelt Gewalt an Aschüchterungsversich géint Journalisten

Gesellschaft

De Presserot verurteelt Gewalt an Aschüchterungsversich géint Journalisten

Mat den Demonstratioune leschte Samschdeg huet sech och den Toun vis-à-vis vun der Press nach eemol verschäerft. An de soziale Medien lafe systematesch Attacken. De Conseil de presse verurteelt dat.

auto_stories

2 min

De Luc Caregari ass Member vum Exekutivbüro vum Presserot.

Lauschterenplay_arrow

Spéitstens wéi den ADR-Députéierte Roy Reding d'Kontaktdate vun engem Tageblatt-Journalist weidergeleet huet an hien domadder exposéiert huet, war eng Limite iwwerschratt. Ma och op den Demonstratioune selwer war den Toun vis-à-vis vun de Journaliste méi wéi rau, sou de Luc Caregari vum Conseil de presse.

"Dat ass fir eis eng kloer Grenziwwerschreidung, mir beobachten dat mat gréisster Suerg a mir kënnen nëmmen alleguer d'Journalisten déi Affer vun esou Agresssioune ginn opfuerderen dat bei der Police a beim Presserot ze mellen."

Ongewéinlech ass op mannst an dëser Situatioun datt mam Jean Marie Jacoby och e Journalist vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek zu engem vun den Haaptacteure bei dësen Demonstratioune ginn ass. Ma wéi geet een als Conseil de presse mat där Situatioun ëm.

"Elo hu mer de Probleem, datt mer zwee Krittären hunn, fir Journalisten an den Här Jacoby erfëllt déi och momentan Allenzwee. Mee wéi gesot, mir si momentan amgaangen Iwwerleeungen unzestrengen, fir ze kucke wéi mer mat där Situatioun eens ginn."

Et wier keng Fro vir d'Commission des plaintes, an et géife keng Précédenten, sou och de Präsident vum Conseil de presse Jean Lou Siweck. Et hätt een den Dossier awer am A en et wier och en Theema bei de nächste Reuniounen.