Radioen

On air

Notturno  |  Jeff Herr Corporation - Conspiracy!

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Konsens

Pressehëllef fir Online-Medien

Kee Konsens

Déi dräi Invitéen an eiser Emissioun Riicht Eraus sinn sech net eenz doriwwer, no wéi enge Critèren och Online-Medie sollten eng direkt Pressehëllef kréien.

Pia Oppel

auto_stories

2 min

Vu lénks no riets: De Jean-Lou Siweck, de Mike Koedinger an de Richard Graf

De Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort Jean-Lou Siweck hält et fir eng wichteg Viraussetzung fir esou eng Reform, datt d’Lieser och um Internet bereet wieren, fir journalistesch Inhalter ze bezuelen. Eleng mat der Pressehëllef an der Publicitéit wier keen anstännegen Online-Journalismus ze finanzéieren.

Den Direkter vu Maison Moderne, huet betount, datt ee Geschätfsmodell wéi dee vum Paperjam (de Wirtschaftsmagazin kritt bis ewell nach keng Pressehëllef) och mat enger gratis Offer um Internet opgeet. De Mike Koedinger fuerdert eng generell Reform: Dat aktuellt Gesetz wier en Anachronismus. D’Pressehëllef – ob fir den Internet oder fir de Pabeier – sollt et just nach fir selwer produzéiert journalistesch Inhalter ginn. Kreuzworträtsel, Pin-Up Girls oder Televisiounsprogrammer sollte sécher net an déi Kategorie falen. D’Gesetz géif den Ament net dem Zil gerecht gi fir eng Diversitéit vun der Presse d’opinionze garantéieren, dat och well 80 Prozent vun der Pressehëllef un déi zwee grouss Editeure Saint-Paul an Editpress ginn.

De Richard Graf vun der Wochenzeitung woxx huet virun engem Réckgang vum Meenungspluralismus gewarnt. Wann an Zukunft nei Online-Acteuren d’Pressehëllef kréien, ouni datt de Gesamtbudget (aktuell ronn 7,5 Milliounen Euro) erop geet, kéint dat d'Existenz vun de klenge Zeitungen menacéieren. Virun deem Hannergrond fuerdert d'woxx, datt d'Pressehëllef nees méi equilibréiert verdeelt gëtt.

Thema an der Emissioun war och d’Positioun vum Presserot an dësem Dossier. E Méinden (24. November) sinn am Staatsministère éischt Gespréicher mat engem Deel vun den Acteuren.

De 14. Oktober, a senger Ried virum Depot vum Budget, sot de Premier Xavier Bettel: "De Kritär vun der Moderniséierung soll och gëlle bei der Approche vun de Subventiounen, déi de Staat a verschiddenen Beräicher accordéiert. Esou wäert zum Beispill d’Pressehëllef reforméiert ginn. (...) De Gesamtbudget bleift d’selwecht. Allerdéngs wäert se nei opgedeelt ginn, esou dass en Deel vun der Ënnerstëtzung fir Onlinemedie reservéiert gëtt."

Déi ganz Emissioun, moderéiert vum Pia Oppel: