Radioen

On air

Notturno  |  Qendresa - Real Luv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prime war just eng Avance

Cargolux

Prime war just eng Avance

D'Cargolux wäert dëst Joer ronn 100 Milliounen US-Dollar méi Benefice maachen, wéi virgesinn. Déi 2.500 Euro, déi un all Mataarbechter weltwäit ausbezuelt goufen, wiere just eng Avance gewiescht.

auto_stories

1 min

D'Lëtzebuerger Cargo-Fluchgesellschaft hätt 2017 eng éischte Kéier méi wéi eng Millioun Tonnen transportéiert, mat hiren an der Tëschenzäit 27 Fligeren. De Generaldirekter Richard Forson schwätzt vun engem "aussergewéinleche Joer" fir seng Airline, mä och fir de ganze Secteur. D'Demande um Marché huet zënter dem Summer 2016 ëmmer weider ugezunn, esou de Finanzdirekter Maxim Straus. Och d'nächst Joer soll d'Demande héich bleiwen.

Bedeelegung um Gewënn

Am Kollektivvertrag wier eng Gewënn-Bedeelegung fir d'Personal virgesinn, huet de Cargolux-Finanzdirekter Maxim Straus am 100,7-Interview erkläert. Déi 2.500 Euro, déi am Oktober un all Mataarbechter weltwäit ausbezuelt goufen, wiere just eng Avance gewiescht. E weideren Deel vum Bonus soll 2018 un d'Personal ausbezuelt ginn. Den LCGB hat kritiséiert, datt d'Prime vun 2.500 Euro net géif duer goen.

De Budget 2018 vun der Airline gouf gëschter am Cargolux-Verwaltungsrot presentéiert. Virgesinn ass, datt de Marché staark bleift. 2018 solle weider 59 Piloten bei der Cargolux agestallt ginn, déi bei déi de Moment ronn 470 Piloten dobäikommen.


Interview mam Maxim Straus, Finanzdirekter vun der Cargolux:

Lauschterenplay_arrow