Radioen

On air

Notturno  |  The Free Design - Bubbles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een dynamesche Marché

Privat Crèchen

Een dynamesche Marché

Grouss international Entreprisë maachen zu Lëtzebuerg Crèchen op, dorënner de gréisste franséische Grupp "Babilou". De Marché boomt. Mee fir dës Acteuren ass d'Fërdere vun der Méisproochegkeet ee besonneschen Defi.

auto_stories

4 min

De Prozentsaz vu Kanner, déi an d'Crèche ginn, geet konstant an d'Luucht. Vun de ronn 82.000 Kanner déi tëscht null an zwielef Joer al sinn, geet iwwer d'Halschent an eng Betreiungsstruktur. 2016 goufen et ronn 12.000 Plazen an de private Crèchen. Dat sinn der fënnef Mol sou vill wéi nach 2009.

Politesch Ënnerstëtzung

Fir dësem Besoin gerecht ze ginn, kréien ëmmer méi privat Strukturen eng Autorisatioun fir eng Crèche opzemaachen. 2009 kruten 113 Strukturen eng Geneemegung. 2016 waren et der 384.

Et hätt ee gesinn, datt Crèchen opgaange sinn ewéi d'Champignonen, seet d'Lynn Wohlfahrt, déi eng privat Crèche huet. Hir ass an de leschte Joren de Boom an deem Secteur opgefall.

Politesch ass dës Entwécklung gewollt. Dat mierkt een och dorun, datt déi staatlech Strukturen op hirer Säit zënter 2009 nëmmen eng 60 Autorisatioune bäikruten.

Neien Acteur: Babilou

D'Dynamik um Lëtzebuerger Marché zitt och déi grouss international Entreprisen un. Mat iwwer 410 Strukture weltwäit ass Babilou de gréisste franséische Prestataire. Zenter e puer Wochen huet de Grupp sech och zu Lëtzebuerg installéiert: D'Firma ass majoritären Aktionär vu Lavorel ginn, den aktuelle Leader am Secteur vun der Kannerbetreiung zu Lëtzebuerg.

Babilou wier den europäesche Leader an deem Secteur, seet de President vu Lavorel, de Stanislas Lavorel. D'Kannerbetreiung géif sech ëmmer méi professionaliséieren a fir Lavorel war et eng Evidenz fir mat Babilou zesummen ze schaffen.

Nei Servicer, nei Strukturen

D'Kooperatioun soll awer näischt an der Organisatioun vun de Lavorel-Crèchen änneren, betount de Stanislas Lavorel. Babilou kéint hinnen Instrumenter an ee Savoir-faire bréngen, déi se bis elo a Frankräich an an Däitschland entwéckelt hunn. Dozou gehéiert zum Beispill eng Applikatioun fir den Handy op där d'Elteren Informatioune kënne fannen. De Marché vun de Crèchë wier an engem Wandel, präziséiert de Stanislas Lavorel an d'Entreprisë missten sech upassen.

Haut beschäftege Babilou zesumme mat Lavorel zu Lëtzebuerg 350 Salariéë fir ronn 1.200 Kanner an 33 verschiddene Crèchen. Bis ewell mécht de Grupp, eegenen Aussoen no, zéng Prozent vum Lëtzebuerger Crèchë-Marché aus. Weider dräi bis véier Strukture wieren awer geplangt, seet de Chef vu Babilou, de Rodolphe Carle. Et bräicht een e Joer fir eng nei Crèche ze plangen. Eng nei Struktur soll zum Beispill um Belval entstoen.

Keng Konzentratioun um Marché

Et misst ee keng Angscht hunn, datt déi grouss international Entreprisen déi kleng national kéinte verdränge, berouegt den Educatiounsminister Claude Meisch. Anescht ewéi a Frankräich géif et zu Lëtzebuerg den Ament nach keng Konzentratioun um Marché ginn:

"Ech hunn net d'Impressioun, wéi wann um Marché eng Konkurrenz géing entstoen, wou d'Elteren zum Beispill géife soen, ech wëll mäi Kand bei ee groussen Träger ginn, dee méi Crèchen huet. D'Leit kucke jo éischter wiem se kënne vertrauen a wéi et mat der Proximitéit steet."

Och d'Lynn Wohlfahrt gesäit bis ewell nach keng Gefor fir kleng Strukturen. D'Eltere géife kucken, ob ee Lëtzebuergesch schwätzt. Si wëllen och keng grouss Strukturen, déi an hiren Aen ewéi Fabricken ausgesinn. Hir Crèche wier méi kleng, wat vill Eltere léiwer hätten.

Gesicht: Lëtzebuerger Personal

Ufank Juli 2017 gouf d'Gesetz iwwert d'Aféiere vun der méisproocheger Fréifërderung fir Kanner tëscht engem a véier Joer an de Crèchen a Betreiungsstrukture gestëmmt. Vum éischten Oktober un muss all Crèche de Kanner eng Beitreiung op Lëtzebuergesch a Franséisch ubidden.

Fir déi international Entreprisen, deenen hiert Personal gréisstendeels aus franséisch- an engleschsproochegen Educateure besteet, wier et schwiereg lëtzebuergescht Personal ze fannen, betount de Stanislas Lavorel. Et kéint een d'Personal a Coursë schécken, mee fir ee gudden Niveau am Lëtzebuergeschen z'erreechen, bräicht een Zäit.

Méi Qualitéit, méi héich Tariffer?

Déi eenzeg Méiglechkeet, déi de private Crèchë bleift fir anert Personal unzezéien, ass déi vun der Pai, esou de Stanislas Lavorel. Da misst een awer och Tariffer froen, déi mat de Präisser vum konventionéierte Secteur ze vergläiche sinn. Dat sinn Themen, iwwert déi d'Federatioun vun de private Crèche diskutéiert.

Fir de private Strukturen entgéint ze kommen, géif et fir déi zweesproocheg Fërderung eng Transitiounsphas bis Enn Abrëll ginn, esou d'Yolande Haas vun der Federatioun vun de private Crèchen (FELSEA). Dobäi sollen d'Crèchë vun 22 Agenten um Terrain begleet ginn. All Crèche kritt eng Visite vum regionalen Agent ugebueden. Déi Agente kënnen hinnen deen neie System genee erklären, seet d'Yolande Haas.