Radioen

On air

Notturno  |  Pascal Schumacher - Left Tokyo Right

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Problem faktuell a global traitéieren"

Verdeierung vu Pëtrolsproduiten

"Problem faktuell a global traitéieren"

D'Verdeierung vun de Pëtrolsproduiten hei am Land dréit net zur Verbesserung vum Klima bei." Domat reagéiert de President vum Groupement Pétrolier Luxembourgeois op déi annoncéiert Mesure vun der Regierung, déi eng Hausse vun den Taxen um Sprit virgesäit.

auto_stories

2 min

Romain Hoffmann (Foto: Archiv)

Zil vun der Regierung ass et d'CO2 Emissiounen hei am Land ze reduzéieren. Et géif awer net duer goen d'CO2-Emissioune just um Pabeier ze reduzéieren, mengt de Romain Hoffmann, President vum GPL. "Déi eenzeg, déi vläicht net méi hei tanke wann de Präis ze héich gëtt, dat sinn d'Camionneuren. Mee déi tanken dann an der Belsch." Dat géif awer näischt un der Quantitéit un CO2 änneren, déi ausgestouss géif ginn. "An och wann d'Frontalieren an Däitschland tanke ginn, dann hu mir fir d'Klima näischt gemaach, déi musse weiderhi fir hir Trajeten tanken."

De Geschiedegte wier am Endeffekt de Client hei am Land, deen net vum gratis ëffentlechen Transport kéint profitéieren an awer méi deier fir säi Sprit misst bezuelen. Dem President vum Groupement Pétrolier no misst de Problem éischter faktuell a global traitéiert ginn.

"International Léisunge sichen"

Lëtzebuerg kréich zum Beispill fir all de Stroum, deen d'Land importéiert keng CO2 Emissiounen ugerechent. Déi kréien déi Länner ugerechent, wou e produzéiert gëtt. Genee d'selwecht wier et beim Tanken. "Wann dann hei getankt gëtt, kréie mir déi CO2-Emissiounen ugerechent. D'Klima géif een net verbessert kréien andeems een d'Tanken an aner Länner verlagert, kritiséiert de Romain Hoffmann. "Zum Beispill andeems datt nei Motoren entwéckelt ginn, nei Technologien oder datt Kuelekraaftwierker vum Netz geholl ginn."

"Verdeierung vum Sprit kéint grouss Auswierkungen op Staatsfinanzen hunn"

D'Regierung misst sech och bewosst sinn, datt schonn eng kleng Verdeierung vun 1,2 oder 3 Cent de Liter eng grouss Auswierkung ob de Verkaf hei zu Lëtzebuerg, an domat och op d'Staatsfinanze kéint hunn. Mee och de Pëtrolssecteur zu Lëtzebuerg wier selwer vu méigleche Mesurë betraff. "Do schaffen 3.000 Leit, déi bedroht wieren. An do hänken nach aner Secteuren drun an och Investitiounen, déi mir hei zu Lëtzebuerg maachen an déi relativ grouss sinn."

Am Regierungsaccord ass virgesinn, datt en interministerielle Comité de ganze Prozess soll begleeden. E soll d'Auswierkunge vun deene Mesuren iwwerwaachen, déi Schrëtt fir Schrëtt decidéiert gi fir de Spritverkaf ze reduzéieren. Dës Initiativ begréisst de Romain Hoffmann.