Problemer bei der Postzoustellung

Den Ament kënnt et zu punktuelle Problemer bei der Ausstellung vu Bréiwer. D'Post-Direktioun erkläert dëst mat de kuerzfristegen Ausfäll beim Personal, déi duerch Congéen oder Krankmeldungen zustane kommen. D'Bréifdréieschgewerkschaft hëlt méi wäit aus a weist op strukturell Dysfonctionnementer hin, déi duerch eng besser Personalpolitik an Aarbechtskonditioune kéinte gereegelt ginn.

Maurice Antony / cz

post-Filial
Post-Filiar (Foto: Archiv)

Bei der POST suerge 465 Bréifdréier dofir, datt 357 Tournéeën den Dag zu Lëtzebuerg gemaach ginn. Dobäi kënnt en Taux de Remplacement vun 30 Prozent, duerch dee personell Ausfäll opgefaange solle ginn. An den Ae vun der Hjoerdis Stahl, Direktesch vum Service POST Courrier geet dat duer, mee et kéint emol virkommen, datt eng Tournée aus planungstechnesche Grënn ausfält. Et wier awer ni esou, datt ee Bréifdréier een Haus zwee Deeg hannerteneen net mat der Post beliwwert.

De Raymond Juchem, President vun der Bréifdréieschgewerkschaft kritiséiert virun allem d'Zuelen zum Effektiv u Bréifdréier. "Si baséiert sech ëmmer op deen Effektiv vu 470 Leit mat engem Taux un 30 Prozent vun de Remplacement." Dat géif an der Theorie stëmmen, mee net an der Praxis. "Et ass einfach déi Situatioun vun deene ville Congé partentalen, congés therapeutique, congés politique a vu ville Krankmeldungen."

An domat wiere just e puer Grënn opgezielt, esou de Gewerkschaftler, dee weider kritiséiert, datt an dem genannten Effektiv eben och déi Leit matgezielt ginn, déi net schaffe kënnen. Datt een op stënterlech Personal-Ausfäll net ëmmer akkurat reagéiere kéint wier evident, seet de Raymond Juchem. Hie gesäit an, datt et net ëmmer einfach wier, direkt ze reagéieren, mee d'Ursaache vum Problem misste laangfristeg geléist ginn. D'Thema géif ëmmer erëm opkommen, nei wier elo awer, datt Tournéeë guer net méi gemaach ginn. "Do hätt een an deem Kontext sécherlech am Virfeld anescht kënne reagéieren", sou de Raymond Juchem.

Divergent Aussoen iwwer ausgefalen Tournéeën

No lëtzebuergeschem Recht an enger EU-Direktiv, misst d'Post fënnef Mol d'Woch, vu méindes bis freides zougestallt ginn, seet de Luc Tapella, Direkter vum Lëtzebuerger Regulatiounsinstitut, ILR. "Eisen Informatiounen no mécht d'Post dat haut. Dofir sinn eis keng Fäll bekannt, datt elo de Courrier op verschiddene Plazen net sollt ausgeliwwert ginn, fënnef Mol d' Woch."

De Raymond Juchem huet kee Verständnis fir dem Här Capella seng Aussoen. Et wier e Fakt, datt verschidde Cliente sech beschwéiert hätten, an déi der Meenung sinn, si kréiche kee Courrier. "Laut mengem leschte Wësse gëtt elo alles gemaach, domat keng Tournée leie bleift."

Ausfäll ginn duerch Iwwerstonne evitéiert

Dat heescht, et ginn all Dag Iwwerstonne gemaach, esou de Raymond Juchem. Eng Konsequenz, déi fir d'Hjoerdis Stahl, Direktesch vum Service POST Courrier, Deel vum Geschäft ass. D'Steierung wier net esou einfach. Wann esou "Unwuchten" géife virkommen, da géif een déi iwwer Iwwerstonnen ausgläichen. Dat wier keen neie Phenomen an et géif ee keen Dag mat Iwwerstonne plangen.

Per Gesetz dierfe Fonctionnairë just an Noutsituatiounen Iwwerstonne maachen, esou de Raymond Juchem. D'POST Lëtzebuerg zielt ronn 1.500 Salariéen, déi ënner de Fonctionnaires-Statut falen. Ëmmer manner dovunner si Bréifdréier. Dat wier e Problem. Mëttlerweil géif all Bréifdréier, deen hautdesdaags rekrutéiert gëtt, am Statut vum Salarié agestallt ginn. "Dann hu mir déi Situatioun, datt déi Leit, déi um Terrain schaffen, minimal iwwer dem Mindestloun leien." Doduerch géif sech de Rekrutéierungsproblem an de leschte Joren ëmmer méi zouspëtzen.

Op engem Punkt si sech POST a Gewerkschaft eens. De Beruff wier ze komplex a mat enger gudder Formatioun verbonnen, fir datt Absencen duerch extern Interimairë kompenséiert kéinte ginn. Verbesserungen erwaart ee sech op Säite vun der Bréifdréieschgewerkschaft duerch deen neie Kollektivvertrag, dee momentan ausgehandelt gëtt.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Maurice Antony
Lauschteren

Méi zum Thema

Danièle Weber Analys
Chamberwahlen 2018

Véier Joer nom LuxLeaks-Skandal soen déi Responsabel, datt Lëtzebuerg haut en anere Steiermodell géif vertrieden. Wéi soll d'Land sech an Zukunft presentéieren, a wat proposéieren d'Parteien?

Danièle Weber Analys
Chamberwahlen 2018

Iwwer d'Migratiounspolitik gëtt den Ament am meeschten an der EU gestridde gëtt. Wéi eng Léisunge gesinn d'Lëtzebuerger Parteien? Wat sinn hir Iddien a wéi eng Positiounen huele si an?

Danièle Weber Analys
Chamberwahlen 2018

D'Europäesch Unioun stécht an enger politescher Kris. Am Wahlkampf zu Lëtzebuerg spillt europäesch Politik bis elo keng grouss Roll. Wéi positionéiere sech d'Parteie virun de Wahlen zu der EU?

post-Filial Exklusiv
Telekommunikatioun

D'Post hat de leschten Donneschdeg eng Pann mat hirem 4G-Reseau. Et wier eng vun de gréisste Pannen an de leschte Jore gewiescht, seet de Cliff Konsbruck, Direkter vu Post Telecom, op eis Nofro hin.

Accord Singapore Post a Post Group
Logistik

Lëtzebuerg gëtt eng Plattform fir e-Commerce Commanden aus Asien. Vum Accord tëscht der Post a Singapore Post soll och d'Cargolux profitéieren, seet den Etienne Schneider.

Malik Zeniti.JPG
Cluster for Logistics

Am Logistik-Secteur schaffen iwwer 13.000 Leit zu Lëtzebuerg. Mam neien Zuch-Terminal zu Beetebuerg an duerch eng besser Verzahnung vun de verschiddenen Transportmëttel huet d'Branche Entwécklungspotenzial.

post-Filial
Post-Strategie

Dem Wirtschaftsminister no muss d’Post aus Käschtegrënn eenzel Büroen zoumaache. D'Post-Gewerkschaft ass verwonnert iwwert d'Ausso a geheit dem Minister wahltaktesch Motiver vir. "Hirngespinster", seet dozou den Etienne Schneider.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Noriichten

  • Ënnerwee

  • Panorama

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Offre d'emploi: Directeur général (M/F)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen