Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Problemer bei engem Deel vun der Tramstreck

Luxtram

Problemer bei engem Deel vun der Tramstreck

Tëscht der Rouder Bréck an dem Parking Glacis ass den Tracé vum Tram komplex. De Generaldirekter vu Luxtram confirméiert d'Problemer, vun deene Medie geschwat haten. Déi zousätzlech Käschte géife vu Luxtram iwwerholl ginn.

auto_stories

2 min

André von der Marck

Lëtzebuerger Medien haten iwwert eventuell Problemer vun der Tramstreck tëscht der Rouder Bréck an dem Parking Glacis geschwat. Deen Deel vum Tracé wier effektiv komplex, seet de Generaldirekter vu Luxtram am 100,7-Interview. Engersäits wéinst der d'Bëtongsdall vum Parking Robert Schuman. Vum Parking Robert Schumann wiere bis viru kuerzem keng statesch Pläng ze fanne gewiescht, seet den André von der Marck. Anerersäits hätte laanscht de groussen Theater speziell Mesurë misse geholl ginn, fir Kaméidi a Vibratiounen am Theatersall ze verhënneren.

Déi verschidden Etuden, digital an akustesch Analysen hätten zesummen 300.000 Euro kascht, sou wéi verschidde Medien dat gemellt haten. Luxtram géif dës Käschten awer integral iwwerhuelen, ouni Käschte fir d'Stad Lëtzebuerg.

Komplexen Ënnergrond

Op den 200 Meter vun der Rouder Bréck bis bei de Glacis géif d'Material vum Ënnergrond changéieren, seet den André von der Marck. "Den Tram fiert iwwer d'Roud Bréck, eng Struktur aus Metall a laanscht de groussen Theater, dësen Ënnergrond besteet aus Metall. Virun der Brasserie Schumann fiert den Tram dann iwwer d'Dall vum Parking Schumann."

Déi éischt Vibratiounsanalyse fir dësen Tracé wiere schonn 2013 gemaach ginn, also ier d'Finanzéierung vum Tram decidéiert gi war. Et kéint deemno keng Rieds si vu Problemer, déi ze spéit erkannt gi wieren, seet den André von der Marck. 2014 an 2015 wieren déi detailléiert Pläng fir de Kierchbierg gemaacht ginn. 2016 hätt ee mat de konkrete Pläng fir den Ofschnëtt vun der Rouder Bréck laanscht de groussen Theater ugefaangen.

Bei Analysen am Summer 2017 hätt een erausfonnt, datt "eng traditionell Dalle flottante net den Uspréch gerecht gëtt, wat d'Vibratiounen an de Kaméidi ubelaangt." Am November 2017 wieren déi néideg Matte bestallt ginn, seet den André von der Marck. Zousätzlech wiere 24 speziell Ankerzänn virgesi ginn, fir d'Dalle ze fixéieren

An de leschte Wochen hätt een zesumme mat spezialiséierten Entreprisen d'Pläng validéiert, sou den André von der Marck.