Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Problemfall MUDAM

Politesch Reaktiounen op Onrou am MUDAM

Problemfall MUDAM

Déi nei Kritiken un den Aarbechtskonditiounen an u Personal-Entscheedungen am MUDAM suergen dofir, datt de Musée fir zäitgenëssesch Konscht erëm an de Schlagzeilen ass. Een anonymme Bréif mat Kritiken a Virwërf un d'Adress vun der Direktioun vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean um Kierchbierg war de Mëttwoch ëffentlech ginn. Éischt politesch Reaktiounen dorop goufen et gëschter, no der Sitzung vun der Chamberkulturkommissioun.

auto_stories

3 min

Foto: Remi Villagg / Mudam Luxembourg

Déi nei Kultur-Ministerin Sam Tanson wier gutt beroden, wa si sech ëm dat "grousst a wichtegt Haus MUDAM" géif këmmeren. Dat seet d'CSV-Deputéiert a fréier Kulturministerin Octavie Modert, no der Publikatioun vum Bréif mat Kritiken un d'Direktioun vum Musée.

Si hätt sech erwaart, datt d'Kulturministerin schonn "eng gewësse Meenung iwwer déi Saach hätt". D'Octavie Modert ass der Meenung, datt d'Sam Tanson sech "jiddwer Fall soll drëm këmmeren an net maachen, wéi dee Minister virdrun, einfach soen, dat ass net mäi Business, 't ass net mäin Haus."

D'Octavie Modert formuléiert am Kontext MUDAM also Kritiken un d'Adress vum féiere Kulturminister Xavier Bettel (DP). De Staat hätt d'Flicht sech anzemëschen, net nëmmen, mee och, well vill Suen an de MUDAM investéiert ginn. "Dat war fir mech e grousse Feeler vum Kulturminister virdrun, vum Här Bettel, deen einfach gesot huet, dat geet mech näischt un, dat ka jo net sinn", seet d'Octavie Modert.

Kulturministerin ass besuergt

Déi nei Ministerin Sam Tanson (déi gréng) hat den Donneschdeg de Mëtteg eng Entrevue mat der MUDAM-Directrice Suzanne Cotter. D'Australierin ass zanter engem Joer op hirem Posten. Der Ministerin no hätt d'Directrice wëlles, fir d'nächst Woch eng Personal-Reunioun ze organiséieren a si wéilt Rou an d'Equipe kréien. Der neier Kulturministerin Sam Tanson no wier et generell wichteg, datt de MUDAM als wichteg Lëtzebuerger Kulturinstitutioun gutt ka fonctionnéieren. Et kéint ëmmer emol virkommen, datt net jiddweree mat enger neier Direktioun averstane wier, "mee datt et awer esou repetitiv a massiv ass, dat mécht mir scho Suergen", seet d'Sam Tanson.

Franz Fayot: "Erëm Rou an de Betrib bréngen ass wichteg"

Am Bréif, deen e Mëttwoch ëffentlech gi war, ass ënner anerem vun engem ëmmer méi groussen Aarbechtsdrock, vun enger ganz schlechter Ambiance am MUDAM rieds gaangen a vu sechs Demissiounen d'lescht an dëst Joer.

"Beim MUDAM schéngt et effektiv e bëssen ze rumoueren", seet den LSAP-Deputéierte Franz Fayot. D'Grënn dofir géif hien net kennen, et wier awer wichteg, datt nees Rou an de Betrib kënnt "fir datt déi nees sereinement kënne schaffen".

Marc Baum: "Kommerziell Ausriichtung ass de Problem"

D'Kritiken an d'Onzefriddenheet vu Mataarbechter vum MUDAM wieren eigentlech näischt Neies, mengt de Marc Baum. De Problem gesäit den Deputéierte vun déi Lénk doran, datt de Musée fir zäitgenëssesch Konscht vun engem Verwaltungsrot dirigéiert gëtt, an deem net nëmmen d'Interesse vum Kultursecteur vertruede wieren.

"Mee och nach ganz aner Interêten. An dat Ganzt soll elo bëssen op e gewësse Businessplang orientéiert ginn, deen net nëmme kulturell Aspekter huet, mee och kommerziell Aspekter. An dat gesi mir ganz kritesch", sou de Marc Baum.

Onrou am MUDAM zanter Affär Lunghi

Fir hien ass et normal, datt Leit, déi jorelaang um Opbau vum MUDAM geschafft hunn "ufänke rabbelkäppeg ze ginn". "D'ailleurs och wann ee gesäit, wéi de viregte Minister an der Affär Lunghi ëmgaangen ass, wat fir eis nach ëmmer e Skandal duerstellt."

An der Affär ronderëm RTL an de fréiere MUDAM-Direkter hat de Xavier Bettel Ufank Oktober 2016 de Lancement vun enger disziplinarescher Prozedur géint den Enrico Lunghi ëffentlech ugekënnegt. Ënner anerem d'CSV hat dat an der Suite als eng Virveruerteelung vum deemolege Musée-Direkter kritiséiert.

De Staat huet sech 2018 mat 7,1 Milliounen Euro un de Fonctionnementskäschte vum MUDAM bedeelegt. Wéi héich dës Bedeelegung fir d'Joer 2019 ass, wäert sech an den nächste Wochen decidéieren. Der neier Kulturministerin no soll d'Zomm hirem Wonsch no substantiell klammen. Am Verwaltungsrot vun der Fondatioun Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean huet de Staat eng Vertriederin.