Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gesellschaften am Santésberäich: Den Avant-Projet steet

Medezin

Gesellschaften am Santésberäich: Den Avant-Projet steet

Dokteren a Professioneller aus anere Gesondheetsberuffer sollen d'Erlabnes kréie sech zu Societéiten zesummenzeschléisse fir d'Käschten an d'Aarbechtslaascht an enger Praxis besser opzedeelen. De Gesondheetsministère huet dofir e Consultatiounsprozess lancéiert mat engem Avant-projet de loi, deen dem radio 100,7 virläit. D'Doktesch- an Zänndoktesch-Associatioun AMMD fuerdert scho laang, datt d'Medezinner Gesellschafte kënne grënnen. D'Iddi ass awer mat Risike verbonnen, notamment enger méi staarker Kommerzialiséierung vum Gesondheetssecteur.

auto_stories

2 min

Déi medezinesch Beruffer sollen d'Méiglechkeet kréie sech zu zivillen oder kommerzielle Gesellschaften zesummen ze schléissen - d'selwecht wéi dat elo scho fir aner liberal Professiounen, zum Beispill d'Affekoten, de Fall ass, heescht et am Exposé des motifs.

Dat géif hëllefe fir dem Manktem u Personal am Gesondheetssecteur entgéint ze wierken, sou d'Hypothèse vum Gesondheetsministère. Och well ee sech a sou enger gemeinsamer Struktur d'Aarbechtslaascht besser kéint opdeelen.

Esou wier et an Zukunft méiglech, datt zum Beispill eng Gynécologin, eng Hiewan, ee Kiné an ee Psychotherapeut sech als Associéen zesummen dinn. De Kaf vun hirer Praxis a vun Equipementer géif iwwer hir gemeinsam Societéit lafen. An d'Societéit kéint nieft administrativem Personal och anert Gesondheetspersonal astellen, als Salariéen.

Wichteg Froe sinn nach ze klären

Eng sensibel Fro ass, wien esou Societéiten dierf grënnen. Den Avant-Projet schléisst zum Beispill aus, datt Investisseure sech bedeelegen, déi selwer kee medezinesche Beruff ausüben. Mee och Doktergesellschaften aus dem europäeschen Ausland kéinten eng Zouloossung kréien - a wien do um Kapital dierf bedeelegt sinn, gëtt am jeeweilegen Hierkonftsland gereegelt.

Wéi dës medezinesch Societéite sech um Permanence-System vun de Generalisten an un de Garden an de Spideeler bedeelegen, gëtt am Avant-Projet net gekläert: Dës wichteg Fro soll an engem groussherzogleche Reglement gereegelt ginn.

Adaptéiert medezinesch Versuergung soll iwwer e Gesetz gereegelt ginn

Wéi sech de Projet an déi aner grouss Chantiere vun der Gesondheetspolitik areit, bleift dann och nach oppen. Zum Beispill muss d'Regierung nach tranchéieren ënner wéi engen Oploe verschidden Equipementer, dorënner IRMen, baussent de Spideeler kënnen zum Asaz kommen. Den nationale Gesondheetsplang an d'Conclusioune vum Gesondheetsdësch sinn nach net do. An no wéi eng Krittären d'medezinesch Offer baussent de Spideeler prinzipiell soll gereegelt ginn, fir ze garantéieren, datt am ganze Land eng adaptéiert medezinesch Versuergung assuréiert ass - dozou zirkuléiert am Gesondheetsministère eisen Informatiounen no eng Note, déi an ee Gesetzprojet soll münden.

De Wonsch wier, datt all dës Projeten anenee gräifen, sot eis op Nofro hin den LSAP-Deputéierten a President vun der Santéskommissioun an der Chamber, Mars Di Bartolomeo.