Radioen

On air

Notturno  |  Nick Zubeck, Felicity Williams & Karen Ng - Time Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Programmatesch Orientéierung vun der CSV"

Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei

"Programmatesch Orientéierung vun der CSV"

Den CSV-Nationalcomité ass elo mam Sträit iwwer dem CSV-President Frank Engel seng Steierproposë befaasst. An d'CSJ fuerdert en anere Leadership.

auto_stories

2 min

Frank Engel (Archivbild)

Den CSV-President Frank Engel huet eis op Nofro confirméiert, datt fir den Dënschdeg, 25. August, owes um 18 Auer den Nationalcomité vu senger Partei aberuff ginn ass. Op der Dagesuerdnung vun der Visiokonferenz ass een eenzegen Punkt, an zwar déi "Programmatesch Orientéierung vun der CSV".

D'CSV hat sech vun den Aussoe vun hirem Parteipresident distanzéiert. Deen hat nämlech an Interviewe gefuerdert, eng Ierfschaftssteier an direkter Linn an eng Verméigenssteier fir Privatpersounen anzeféieren.

CSJ: "Credibilitéit zerstéiert"

Déi Chrëschtlech-Sozial Jugend kritiséiert d'Verhale vum Frank Engel an engem interne Schreiwes, iwwer dat RTL bericht hat an dat dem radio 100,7 virläit. Fir d'CSJ kann et net sinn, datt de Frank Engel keng Récksprooch mat de Parteigremie geholl huet, éier hie säi Virstouss an der Press gemaach huet.

Et geet de jonken CSV-Memberen an hirer Kritik also virop ëm d'Form, a manner ëm de Fong. Et géif een nämlech net a Fro stellen, "datt een als President vun der gréisster Partei hei am Land en Debat lancéieren kann, besonnesch um wichtegen Theema, wéi mer eng méi gerecht Gesellschaft kënnen hierstellen, a Räichtum fair besteieren kënnen."

D'Demarche vum President hätt awer missen eng aner sinn, esou d'CSJ:

"Eng noutwendeg programmatesch Neiausriichtung vun der Partei bedéngt duerch Konsequenzen vun der Corona-Kris gehéiert fir d'éischt eemol diskutéiert - mat eise Memberen an eise Gremien - éier datt se der Press virgestallt gëtt."

Wann de Parteipresident an Deputéiert an der Ëffentlechkeet aner Meenunge vertrieden, géif dat d'Credibilitéit vun der Partei zerstéieren, fënnt d'CSJ. Wéi eng konkret Konsequenzen ee sech erwaart, geet aus dem Schreiwes esou däitlech net ervir. Mee d'CSJ seet, si wéilt, "endlech ee Leadership (...) gesinn, dee Loscht mécht zesummen un engem Strang ze zéien."