Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - L'Orso

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Projet fir een Observatiounssatellit fir Lëtzebuerg

Défense

Projet fir een Observatiounssatellit fir Lëtzebuerg

D'Lëtzebuerger Regierung wëllt een Äerd-Observatiounssatellit lancéieren: Mat dësem Projet géif Lëtzebuerg an den enke Krees vun deene Staate kommen, déi hir eegen Observatiounscapacitéit am Weltall hunn, an déi se selwer integral kontrolléieren, gëtt am Gesetzprojet ugekënnegt. Een Zil vum Projet "National Advanced Optical System" ass et, fir de Lëtzebuerger Obligatiounen am Verdeedegungsberäich gerecht ze ginn. Dësen neie System soll bis zu 170 Milliounen Euro plus TVA kaschten.

auto_stories

3 min

Fir de Projet ze realiséieren, solle bis spéitstens de fréien Hierscht d'Kontrakter mat de bedeelegten Entreprisen ofgeschloss sinn. Geplangt ass de Bau an d'Eropschéisse vum Satellit, grad wéi eng Buedemstatioun fir d'Kontroll. Spéitstens am Joer 2022 soll de System operationell sinn, esou den Direkter vun der Defense, de Patrick Heck. De Satellit soll Biller mat enger héijer Opléisung liwweren.

"An der Haaptsaach natierlech fir de militäreschen Zweck. Well Biller brauch ee fir Operatioune virzebereeden. Et brauch ee sou Biller, fir während der Operatioun permanent de Kommandant kënnen z'informéieren iwwert d'Lag an deem Land oder an deem Territoire, wou en ass."

D'Biller solle prioritär am Kader vun NATO-, EU- an UNO-Operatiounen zur Verfügung gestallt ginn, un deene Lëtzebuerg bedeelegt ass, sou de Patrick Heck.

Kommerziell a politesch Interessen

Eng kommerziell Valorisatioun vun de Biller gëtt am Gesetzesprojet och net ausgeschloss. Wéi am Zweiwelsfall decidéiert gëtt, fir wéi een Zweck d'Material genotzt gëtt, misst awer nach festgeluecht ginn, seet de Patrick Heck.

Den Asaz vum Observatiounssatellit wäert kriddeleg Situatioune mat sech bréngen, kënnegt den CSV-Deputéierten a fréiere Verdeedegungsminister Jean-Marie Halsdorf un. Et kéint zu Konflikter tëscht politeschen a kommerziellen Interesse kommen. Als Beispill nennt hien en Ugrëff mat chemesche Waffen. "An déi Associatioun, déi géint chemesch Waffen ass, wier elo Member ... wiem géif s Du d'Biller ginn? Deenen? Oder häls du se zréck, well et e Staatsgeheimnis ass, a well et keen eppes ugeet?"

Kee Private-public partnership

En Observatiounssatellit géif gutt zur Spezialiséierung vun der Arméi passen, fir Iwwerwaachung an Opklärung ze maachen, sou de Rapporter vum Projet an LSAP-Deputéierte Marc Angel.

Dëse geplangte Satellit wier net mam Kommunikatiouns-Satellit GovSat-1 ze verwiesselen, dee schonn am Weltall ass, a bei deem et eng Partnerschaft gëtt, tëschent dem Staat an dem Satellitten-Operateur SES. "Hei maache mir eng ähnlech Operatioun, awer net als Private-public partnership, mee hei ass et de Staat selwer, well et hei vill méi sensibel Informatioune ginn."

Den Oppositiounsdeputéierte Jean-Marie Halsdorf erkläert, datt d'Regierung d'Optioun fir e Satellit geholl hätt, deen op 450 Kilometer Héicht ass. Aner Optioune wiere méiglech gewiescht.

"Wat se wäert ass, weess een och net genau. Sécherlech ass et net falsch an déi Richtung ze goen, well mer do eng gewësse Kompetenz hunn, notamment ebe mat der SES, déi dann och hei e bëssen zur Säit steet."

D'Regierung géif all d'Risike bei dësem Projet droen, beim Lancement vum Satellit a bei der Exploitatioun, sou de Patrick Heck. Beim Gebrauch vun de Biller géife sech kaum Froe vun Dateschutz a Privatsphär stellen. "Mir wäerten d'Privatsphär net vill beréieren, well déi Resolutioun awer net esou héich ass, datt e Gesiichter oder Autosplacke kann erkennen."

Gëtt de Satellit fir Attacke genotzt?

Eng ganz kritesch Positioun vertrëtt de Marc Baum. Den Deputéierte vun Déi Lénk ass iwwerzeegt, datt den Asaz vun dëser Zort vu Satellitten zu Militärschléi wäert féieren. "De Minister (Etienne) Schneider seet am Exposé des motifs, datt et dorëm géif goen, e Return on invest ze kréien. Et wier e Pilier vun der ekonomescher Diversifizéierung vu Lëtzebuerg." D'amerikanesch Arméi wier e méigleche Client, deen Opname vu Plaze wéilt, wou en Attacke wéilt duerchféieren. Lëtzebuerg géif da Partner ginn.

"An dat ass Wahnsinn, dat ass einfach nëmme Wahnsinn dëse Projet."

Déi international Reegele vum Krichsrecht wiere kloer, reagéiert den Direkter vun der Defense Patrick Heck. "Mir ginn dovun aus, datt déi westlech Länner dat och respektéieren." Et wéilt ee sech d'Recht virbehalen, ënner gewësse Modalitéiten d'Biller net zur Verfügung ze stellen. De Grand-Duché soll fräi iwwert d'Bild-Material kënnen decidéieren, heescht et och am Gesetzesprojet.

De geplangten neie Lëtzebuerger Observatiounssatellit soll eng Liewens-Dauer vun tëschent siwen an zéng Joer hunn.