Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lucas Ferraz - Butterfly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Provisoresche Bilan: Keng Lëtzebuerger Affer oder Blesséierter

Attentater zu Barcelona a Cambrils

Provisoresche Bilan: Keng Lëtzebuerger Affer oder Blesséierter

Op där inoffizieller Lëscht vun den Affer an de Blesséierten zu Barcelona wier kee Lëtzebuerger, seet den Ausseminister Jean Asselborn. Hannert den Attacke soll eng islamistesch Terrorzell stiechen.

auto_stories

4 min

"Glécklecherweis elo, um hallwer sechs, ass op där inoffizieller Lëscht - et ass nach keng offiziell Lëscht vun de Victimmen - kee vun der Lëtzebuerger Nationalitéit drop. Et kann een also dovunner ausgoen, well och kee sech bei eis gemellt huet, datt dat Schlëmmst fir keen agetrueden ass. Weder Affer nach Blesséierter." - Jean Asselborn

De Bilan vun den Affer an de Blesséierte wier awer nach net definitiv ofgeschloss vun de spueneschen Autoritéiten, ënnersträicht den Ausseminister Jean Asselborn.

Kee vun den 18 Luxair-Tours Cliente blesséiert

Vun den 18 Cliente vu Luxair-Tours, déi an der katalanescher Haaptstad sinn, gouf kee blesséiert, seet de Joé Schroeder vu Luxair-Tours. Et hätt een all déi 18 Clienten ugeruff, fir sech ze vergewësseren, datt alles an der Rei ass.

"An natierlech och fir ze kucken, ob ee Client dobäi ass, deen net méi wéilt op der Destinatioun bleiwen. Dat ass awer net de Fall. Dat heescht, et huet kee vun deene sech geäussert, fir de Sejour ofzebriechen a verfréit heem ze kommen."

Fir Informatiounen a Froe wier Luxair-Tours weiderhin erreechbar, esou de Joé Schroeder. Wéi gewinnt, gëtt et an esou Fäll och d'Méiglechkeet, seng geplangte Rees ouni Fraisen z'annuléieren oder z'änneren. Dat nach bis e Méindeg inclus.

Wéinst de méi héije Sécherheets-Moossname sollen d'Leit, déi den Ament zu Barcelona sinn, bësse méi Zäit aplangen, fir den Trajet op de Fluchhafen a fir d'Check-in Prozeduren, esou de Luxair-Vertrieder.

Temoignagë vu Lëtzebuerger zu Barcelona

Zu Barcelona wier et de Moie roueg gewiescht, seet de Jerry Felschen, deen de Moment do an der Vakanz ass. Et wier allerdéngs nach ze fréi, fir d'Lag genee anzeschätzen. Gëschter Owend wiere vill manner Leit do gewiescht.

"Déi Leit, déi do waren, waren um Handy. Et war relativ schwéier en Taxi ze kréien. Also et huet ee scho gemierkt, datt do eng virgefall ass. Mä et war awer elo net, datt d'Leit a Panik gewiescht wieren oder sou."

D'Charlotte Jonette schafft a wunnt zu Barcelona. Si selwer hätt keng Angscht. Eng Bekannte vun hir wier allerdéngs gëschter op de Ramblas zu Barcelona ënnerwee gewiescht, esou d'Charlotte Jonette.

"Wéi et geschitt ass, war ech nach ëmmer op der Aarbecht. Eng Frëndin ass e bëssen éischter gaangen a war dunn op der Ramblas. Hatt gouf iergendwéi an e Geschäft eragedréckt an et krut gesot, et misst do bleiwen, et wier eppes geschitt. Dat heescht, hatt huet eis direkt ugeruff a gesot, 'Gitt nëmme net an d'Stad, well et ass eppes geschitt'."

Verlaf vun der Enquête

Hannert den Terrorattacke vu Barcelona a Cambrils mat 14 Doudegen an iwwer 100 Blesséierte soll méiglecherweis eng islamistesch Terrorzell stiechen. Bis zu 12 Persoune sollen der Terrorzell ugehéieren. Dovunner ginn déi spuenesch Enquêteuren aus.

D'Attentater a Spuenien waren, wéi et schéngt, scho laang am viraus geplangt. Dat sot de Chef vun der katalanescher Police op enger Pressekonferenz. D'Enquête géif sech elo op en Haus an der Stad Alcanar konzentréieren, wou d'Attacke wahrscheinlech preparéiert goufen. E Mëttwoch den Owend gouf et zu Alcanar eng Explosioun mat engem Doudesaffer, dëst wéi et schéngt an engem Atelier, fir Bommen ze bauen. Duerch d'Explosioun hätten d'Attentäter net méi dat néidegt Material gehat, fir nach méi e grousse Schued zu Barcelona unzeriichten, heescht et vun der Police. Doriwwer eraus kéint een net ausschléissen, datt d'Attentäter nach weider Attacke geplangt hätten.

Chauffer vum Liwwerwon

De Chauffer vum Liwwerwon, dee gëschter an der Foussgängerzon Ramblas zu Barcelona Passanten iwwerrannt hat, kéint eventuell ënnert de fënnef presuméierten Terroriste sinn, déi d'Police an der Nuecht zu Cambrils erschoss huet. Bei där Attack goufen eng hallef Dosen Zivilisten an ee Polizist blesséiert. Cambrils läit eng 120 Kilometer vu Barcelona ewech.

Beim Chauffer soll et sech ëm de 17 Joer ale Moussa Oukabir handelen. Dat huet déi spuenesch Dageszeitung "El Mundo" gemellt. Säi Brudder, Driss Oukabir, gouf scho gëschter vun der Police festgeholl. Wéi et heescht, soll de mannerjärege Moussa sengem Brudder de Pass geklaut hunn, fir a sengem Numm de Liwwerwon ze lounen. Dat soll säi Brudder der Police confirméiert hunn.

Nom Terroruschlag zu Barcelona huet d'Police e véierte Verdächtege festgeholl. Dat hunn déi spuenesch Autoritéiten de Mëtteg op Twitter matgedeelt, ouni Eenzelheeten ze nennen.

Keng Betongspéil an der Foussgängerzon

De spueneschen Inneministère an d'Police solle scho viru Méint d'Autoritéiten zu Barcelona drop opmierksam gemaach hunn, datt en Terroruschlag an der Foussgängerzon Ramblas kéint geschéien. Dat huet déi spuenesch Press geschriwwen. Der Fuerderung fir Betongspéil um Bord vun der Foussgängerzon zu Barcelona opzestellen, wieren d'Autoritéite vu Barcelona net nokomm. Si hätten decidéiert, fir d'Police op der Ramblas ze verstäerken.