Radioen

On air

De Moien  |  Julia Jacklin - Pressure To Party

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prozess géint de Benny Gantz

Chronik

Prozess géint de Benny Gantz

En Dënschdeg huet Israel fir d'Zweet dëst Joer en neit Parlament gewielt. Nodeems sech am Abrëll keng Partei konnt duerchsetzen an eng Koalitioun forméiert krut, goufen Neiwalen ugekënnegt. Bei dësen ass Kahol Lavan als grousse Gewënner ervirgaangen. Obwuel dës Partei eréischt zanter Februar existéiert huet se et fäerdeg bruecht, méi Stëmmen ewéi déi amtéierend Likud ze erreechen. Dësen Erfolleg ass zu engem groussen Deel dem Benny Gantz ze verdanken, de fréieren Haaptkommandant vun der israelescher Arméi - a géint deen an Holland ee Geriichtsprozess leeft.

auto_stories

3 min

Kuerz virun de Wahlen am Abrëll huet sech Kahol Lava mat engem Video un den israelesche Public gewannt. Aus der Vugelsperspektiv kritt dësen d'Resultat vun der Missioun Protective Edge ze gesinn, e komplett zerbommte Gaza.

Wat de israelesche Bierger awer verheemlecht gëtt ass, datt bei dësem enormen israelesche Militärasaz am Joer 2014 iwwer 2.300 Mënschen ëmkoumen, d'Majoritéit dovun onschëlleg Zivilisten, dorënner 526 Kanner. De Verantwortlechen heescht Benny Gantz, den deemolegen Haaptkommandant vun der Arméi a momentane Favorit fir de Poste vum Premierminister.

E Prozess um Zivilgeriicht

En Dënschden huet zäitgläich mat de Wahlen, en éischte Geriichtsprozess géint de Gantz stattfonnt. Hien an den Amin Eshel, de fréiere Kommandant vun der Loftwaff, goufe vum Ismail Ziada, engem Palestinensesch-Hollänneschem Bierger, zu Den Haag virun engem hollänneschem Zivilgeriicht ugeklot. Israelesch Bommen hu sechs Familljemembere vum Ziada ëmbruecht, dorënner seng Mamm, dräi vu senge Geschwëster an en Neveu vun 12 Joer.

Den Ziada behaapt, datt seng Famill Ziviliste waren a weder eng Gefor fir Israel nach fir d'israelesch Arméi gewiescht wieren. D'israelesch Arméi hätt konkret Zivilisten an d'Viséier geholl, fir d'Moral vun der Bevëlkerung ze zerstéieren an hire Support fir d'Hamas z'ënnerbannen.

En emotionale Prozess

D'Sëtzung huet mat enger immens emotionaler Ausso vum Ziada ugefaangen. Dës gouf vu Biller vun de Verstuerwene begleet an den Ziada huet ëmmer erëm misse Pause maache fir d'Tréinen zeréckzehalen. Hien huet seng Situatioun mat där vum David géint de Goliath verglach, hien als David géint de mächtege Staat Israel.

Nodeems hien eng Hollännerin bestuet huet, huet hie mat der hollännescher Nationalitéit d'Recht kritt op engem ziville Gericht géint d'Ongerechtegkeet, déi him widderfuer ass, ze kloen. Wéi d'Bremskabele vu sengem Auto enges Moies duerchgeschnidde waren, wollt hien aus Angscht alles opginn. Mee seng Fra ass staark bliwwen an huet e motivéiert weider ze maachen. Am Numm vun der Gerechtegkeet, senger verstuerwener Famill an all deenen, déi dëser Deeg nach ëmmer ënner den israelesche Bomme leiden.

Wéi ee Geriicht ass responsabel?

Wéi ze erwaarde war, ass kee vu béiden Accuséierten opgetrueden. Si goufe vun zwee hollänneschen Affekoten, déi den israelesche Staat bezilt, vertrueden. Si hunn drop higewisen, datt d'Affär net engem hollännesche Geriicht ënnerläit. Eng Affär, déi weder op hollänneschem Territoire stattfonnt huet, nach hollännesch Bierger direkt concernéiert huet. Wat dat hollännescht Militär am Afghanistan oder an Ex-Jugoslawien ugestallt huet, géif och keen israelescht Gericht eppes ugoen.

Eng Unerkennung vum Ziada senger Uklo géif d'Souveränitéit vum israelesche Rechtssystem a Fro stellen. Doropshin huet dem Ziada seng Affekotin ëmmer erëm op Diskriminatioun vun Araber virun israelesche Riichter higewisen an op d'Schold vu béide Generole gepocht, déi trotz hire Krichsverbrieche fräi ronderëmlafen. Déi hollännesch Justiz géif domat en Beispill setze fir d'Bekämpfe vu weltwäiter Ongerechtegkeet.

En Interview huet den Ziada ofgeleent, aus Angscht, datt seng Wierder géint e benotzt ginn. Zwee Méint hunn d'Riichter elo Zäit fir sech iwwer d'Capacitéite vun der hollännescher Jurisdiktioun ze beroden.

Da gëtt entscheet, ob dem Ziada seng Uklo weidergefouert gëtt oder net. De Gantz, dee bis dohinner méiglecherweis Premier ass, huet awer net vill ze fäerten: seng Verdeedeger hu vun Ufank u kloer gemaach, datt hien ënner der Immunitéit vun der israelescher Arméi steet.