Radioen

On air

De Moien  |  Scissor Sisters - Take Your Mama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Psychiater: Fokus op d'mental Gesondheet ass ze begréissen

Corona-Pandemie

Psychiater: Fokus op d'mental Gesondheet ass ze begréissen

De psycheschen Impakt vu Corona wier ganz staark, esou den Dokter Paul Hédo. Bei jonke Leit géif ee méi Iessstéierunge gesinn, a besonnesch eeler Leit hätte mat méi Suizid-Gedanken ze kämpfen.

auto_stories

2 min

headphones

18 min

"Datt d'Santé mentale elo am Fokus ass, ass sécher net schlecht", sot den Dokter Paul Hédo.

Jonker an Aler leide besonnesch ënner Corona

Den Dokter Paul Hédo begréisst an deem Sënn d'Ausso vum Premier, dee virun aacht Deeg sot, nieft der Verbreedung vum Virus wier déi psychesch Belaaschtung vun de Leit och en Element, dat ee misst am A halen.

Et kéim een net laanscht d'Feststellung, datt de psycheschen Impakt vu Corona op verschidde Leit ganz staark wier:

"Mir hunn elo déi lescht Méint gesinn, datt mer bei eis an den Urgencen ongeféier zéng Prozent méi Patienten haten, déi wéinst Angschtproblemer komm sinn. (...) Déi Jonk si vill impaktéiert, d'Kolleegen aus der Jugend-Psychiatrie hunn observéiert, datt et der do méi ginn, déi Iess-Stéierungen hunn. Bei de Kanner schéngt et e bësse méi nuancéiert ze sinn. Do schéngt éischter de Corona bei allgemeng Problemer bäizekommen, déi si souwisou schonn hunn."

Besonnesch am Dezember hätt een et mat iwwerduerchschnëttlech villen eelere Leit ze di gehat, déi Selbstmordgedanken haten oder souguer Suicide-Versich gemaach hätten, sot de Psychiater Paul Hédo.

Suiciden a Krisenzäiten

All Kris, déi schro ekonomesch Repercussiounen huet, féiert dozou, datt d'Suicide-Zuelen eropginn. Och wann déi lescht offiziell Zuelen nach keng méi héich Zuel vu Selbstmorde géifen ausweisen, misst ee wuel dovun ausgoen, datt dat nach ännert.

De Chef vun der Erwuessenen-Psychiatrie am CHL betount, datt Leit, déi an de Chômage falen a sech an hirer Existenz bedrot fillen, besonnesch ufälleg fir Suicide-Gedanke wieren. Dat hätt ee scho bei der Spuenescher Gripp um Ufank vum 20. Joerhonnert gesinn, beim SARS-Virus 2003 zu Hongkong oder der Bankekris 2008:

"Ech mengen, datt een der Regierung et net ka falsch maachen, wa se seet 'Du muss och ekonomesch Consideratiounen hunn, déi hunn och en Impakt op d'Santé mentale!' (...) Wann d'ekonomesch Situatioun schlecht ass, da geet de Suicide - net aner psychesch Krankheeten, mee de Suicide - dee geet dann an d'Luucht, dat weess een."