Radioen

On air

Notturno  |  Hand Habits - Private Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Psychologesch Konsequenze vun der Kris

Corona-Kris

Psychologesch Konsequenze vun der Kris

Vill Leit leide psychesch ënner där aktueller Situatioun vum Confinement. Net nëmmen d'Personal an de Spideeler, mee och Kanner a Jugendlecher, mee och Erwuessener kënne Schwieregkeeten hunn.

auto_stories

3 min

Den Dr. Jean-Marc Cloos ass Psychiater an den Hôpitaux Robert Schuman

Et gi verschidde Méiglechkeete sech an deem Fall hëllefen ze loossen, mee wéi weess den Eenzelen, ob de Psycholog oder de Psychiater déi richteg Ulafstell ass? Den Dr. Jean-Marc Cloos, Psychiater an den Hôpitaux Robert Schuman, seet dozou:

"Wann Der net méi an der Realitéit sidd, oder wann der carrement elo am Kader vum Confinement vill méi Substanzen, also Alkohol z. B., gedronk hutt, an Dir fänkt un ee Problem domat ze kréien, do geet et éischter bei de Psychiater. Mee fir Relaxatiouns-Techniken ze léieren, iwwer seng Problemer ze schwätzen, d'Suergen, déi ee sech mécht, do mengen ech, datt een d'psychologesch Hotline oder www.covid19-psy.lu soll kontaktéieren, an dann emol fir d'éischt mat engem Psycholog doriwwer schwätzen."

Kanner a Jugendlecher leiden och

Och fir Kanner a Jugendlecher wier et net einfach - haaptsächlech awer aus engem anere Grond: si kéinten hir Kolleegen net méi gesinn. "Mir si jo sozial Wiesen, déi gär mat aneren zesumme sinn, an eis Kanner an eis Jugendlech och", seet den Dr. Jean-Marc Cloos. Do géif WhatsApp mat de Kolleegen net duergoen.

Hien hätt awer eng "gewëss Skepsis" fir d'Leit erëm all zesummen an eng Klass ze setzen. "Ech hoffen, datt do alles richteg gemaach gëtt. Ech vertrauen och dorop, datt alles richteg gemaach gëtt." De Virus géif sech bei de Jonke manner staark verbreede wéi bei den Erwuessenen, "also ass et warscheinlech méi Risiko, wann Erwuessener zesumme sinn." De Jean-Marc Clooss mengt, datt d'Ouverture vun der Schoulen de Jonke sozial géif hëllefen.

Psychologesch Hëllef fir d'Personal

Am Ufank vun der Kris huet den Dr. Jean-Marc Cloos zesumme mat senge Kolleegen eng Offer fir d'Leit am eegenen Haus gemaach: et war den Opruff net ze zécken, op Hëllef zeréckzegräifen, wann d'Situatioun eng ze vill grouss Belaaschtung géif ginn: wéinst der Quantitéit vun der Aarbecht, der Angscht sech unzestiechen, oder der Belaaschtung duerch déi elle Saachen, déi ee gesäit.

Allerdéngs wier net vill op déi Hëllef zeréckgegraff ginn, seet de Jean-Marc Cloos. "Eigentlech si mer och ganz angeneem iwwerrascht." D'Personal hätt d'Méiglechkeet gehat fir unzeruffen, mee net vill Leit hätten déi Hëllef gebraucht.

"Dat wat gutt ass: Mir hunn eng relativ gutt Atmosphär gehat ënner dem Personal, éischtens wéinst der Solidaritéit vun der Gesellschaft , déi jo elo nach all Owend um aacht Auer klappt fir d'Personal vun der Santé. Zweetens, well eng ganz gutt Kohesioun och war tëschent de verschiddene Mataarbechter. Déi eenzeg, déi elo e bësse méi am Viséier sinn - wou mer soen: Hei passt awer elo wierklech op - dat sinn déi Leit, déi an éischter Linn schaffen, wou ee mierkt, si fänken un Ermiddungserscheinungen ze kréien. Wat net onbedéngt heescht, datt si an engem Burn-out sinn, mee si hunn awer vill ginn. An deene musse mer elo Pause ginn, an d'Ekippen och emol auswiesselen a soen, huel mol eng, zwou Woche Vakanz."

Et hätt awer och gehollef, datt de Gesondheetssystem net esou iwwerlaascht ass, wéi eventuell gefaart gouf.