Radioen

On air

De Moien  |  Pretenders - Don't Get Me Wrong

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Psychotherapië gi vum 1. Februar u rembourséiert

Trotz Avis vum Staatsrot

Psychotherapië gi vum 1. Februar u rembourséiert

De Remboursement vun der Psychotherapie trëtt wéi ugekënnegt den 1. Februar a Kraaft. Dat huet de Sozialminister Claude Haagen dem Radio 100,7 op Nofro hin confirméiert. Do ännert och den Avis vum Staatsrot näischt drun.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / Iryna Imago

Den Avis vum Staatsrot hat op eventuell verfassungsrechtlech Problemer higewisen, déi am Fall vun engem Prozess kéinten entstoen.

Deene Bedenke wëllt de Sozialminister och Rechnung droen:

"Mir wäerte souwisou de Code vun der Sécurité sociale an deem Sënn adaptéieren, datt mer deem Rechnung droen, wat de Staatsrot montéiert huet, fir an Zukunft och esou Vläicht-Problemer aus de Féiss ze goen."

D'Reaktioun vum Claude Haagen lauschterenplay_arrow

E Problem géif eréischt entstoen, wann déi Decisioun juristesch kontestéiert gëtt, seet de Claude Haagen. "Et ass dann un de Juristen, fir dat ze determinéieren"; esou de Sozialminister.

"Ech vertrauen och dem Avis vum Staatsrot, datt een dorop soll oppassen. Dofir wäerte mir jo och eng Ëmännerung vum Code vun der Sécurité sociale maachen. Mee ech mengen, wat d'Leit dobaussen interesséiert, wat d'Assuréen intresséiert, awer och d'Prestatairen, dat ass, datt de Remboursement kann a Kraaft trieden. A wéi gesot, dat wäert vum 1. Februar un de Fall sinn."