Radioen

On air

Tockcity  |  The Libertines - Oh Shit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Quartier Gare: Hond vu Sécherheetsfirma blesséiert Mann

Stad Lëtzebuerg

Quartier Gare: Hond vu Sécherheetsfirma blesséiert Mann

Op de soziale Medien zirkuléiert ee Video deen ee presuméierten Asaz vu private Sécherheetsleit op der Stater Gare weist. Ze gesinn ass wéi zwee Hënn op eng Persoun lassginn.

auto_stories

2 min

De Resumé lauschterenplay_arrow


Wéi d'Police schreift, wier eng Persoun, déi eng Bësswonn um Been hat, warscheinlech vum Hond vun de private Sécherheetsleit gebass ginn. De Parquet wier informéiert ginn an d'Police mécht eng Enquête fir déi genee Ëmstänn ze klären.

Wou de Video hierkënnt an ëm wéi ee Virfall et sech handelt ass net bekannt. Ënnert de Persounen déi drop reagéiere sinn och eng Rei Politiker.

Den Direkter vun der Sécherheetsfirma G4S sot der Gratis Zeitung L'Essentiel de Moien: Et wier e Fall vu "legitimer Défense" gewiescht. Véier Sécherheetsagente wieren ugegraff ginn, den Hondsmeeschter hätt dunn den Hond lass gelooss. Deen hätt och e Maulkuerf ugehat, mee dee wier lassgaangen.

Reaktiounen aus der Politik

De Stater gréngen Oppositiounspolitiker an Deputéierte François Benoy schreift op Facebook, hie wier "schockéiert iwwer d'Biller vu gëschter aus der Aler Avenue". Déi géife vill Froen opwerfen.

Elo misst d'Enquête ofgewaart ginn fir ze klären ob d'Gesetzer respektéiert goufen. Déi Stater Gréng hunn eng urgent Fro un de Stater Schäfferot gestallt. Si schreiwen: Et wier evident, datt déi privat Sécherheetsleit hiren Hond net ënner Kontroll konnten halen.

Déi Stater Gréng hunn eng urgent Fro un de Stater Schäfferot gestallt. Si schreiwen et wier evident, datt déi privat Sécherheetsleit hiren Hond net ënner Kontroll konnten halen.

Den Deputéierte vun de Piraten Marc Goergen schwätzt vun enger illegaler privater Sécherheetsfirma. Hien huet eng dringend Sëtzung vun der zoustänneger Chamberkommissioun ugefrot.

D'Police preziséiert nach: d'Persoun, déi gebass a blesséiert gouf, wier fir eng Behandlung an e Spidol bruecht ginn. Well si do op d'Personal gespaut a sech net ënner Kontroll hat, wier si am Passage-Arrest ënnerbruecht ginn.

Diskussiounen iwwer Sécherheetsbeamten

An de leschte Méint goufen et Diskussiounen iwwer privat Sécherheetsbeamten am Stater Quartier. D'Oppositioun vum Stater Schäfferot an de Policeminister hate Bedenke geäussert.

D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer hat am Dezember zejoert gesot, datt d'Aufgabe vun der Police net a Fro gestallt wieren.