Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Radio ARA fuerdert méi Ënnerstëtzung fir "Biergermedien"

Lëtzebuerger Medielandschaft

Radio ARA fuerdert méi Ënnerstëtzung fir "Biergermedien"

Déi geplangte Reform vun der Pressehëllef wier eng "riicht an d'Gesiicht" fir de Radio ARA, seet de President vum Sender. De Radio ARA soll zwar fir déi éischte Kéier d'Méiglechkeet kréien eng Pressehëllef vu bis zu 100.000 Euro unzefroen. De Guy Antony kritiséiert awer, datt een op d'mannst zwee professionell Journaliste muss astelle fir esou ee Subside ze kréien. Dee Krittär wier net un d'Funktiounsweis vum Radio ARA ugepasst.

auto_stories

2 min

De Radio kéint seng Missioun net erfëllen, wann e wéinstens zwee Journaliste misst astellen."Mir mussen d'Leit encadréieren an eis Administratioun maachen. Mir hunn am Moment keen Techniker, deen agestallt ass. Technik leeft voll benevole. An et muss ee sech einfach virstellen, datt wann e groussen technesche Problem ass, oder deene Leit eppes geschitt - dann ass et eriwwer."

Fir weider esou Servicer kënnen unzebidden, fuerdert de Guy Antony, datt "Biergermedien" en eegent Gesetz kréien. Dora misste Krittäre festgeschriwwe ginn, wéi dës Medien zur Medienerzéiung an der Gesellschaft bäidroen, oder datt se Sendungen a Sproochen ubidden, déi soss net an de Lëtzebuerger Medien optauchen.

Missioun a Moyenen definéieren

De Radio ARA misst fuddelen, wann en dee Krittär vu minimum zwee professionelle Journaliste misst erfëllen. Fir seng Missioun ze erfëlle misst de Radio ARA déi néideg Mëttel kréien. "An dat heescht net, datt mir net och wëllen e Beruffsjournalist hunn. Mee net déi zwou éischt Persounen", esou de President vum ARA.

De Radio ARA ass zanter bal 30 Joer e klengen, awer feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Medielandschaft. E Sender, dee ganz divers Programmen ubitt, déi gréisstendeels vu Benevolle gemaach ginn.

De Staat hätt en Interêt dru fir d'Aarbecht vu Radio ARA ze ënnerstëtzen. Ënner anerem erfëllt de Radio Funktiounen am Beräich vun der Medienerzéiung a bitt d'Méiglechkeet fir och selwer "Medien ze maachen". De Medium géif sech spezifesch un déi Deeler vun der Populatioun adresséieren, déi soss keen Accès zu Medien hätten.

"E gutt Beispill ass, wéi mir wärend der Covid-Kris reagéiert hunn: Mir hu News-Sendungen opgebaut fir verschidde Communities. Op arabesch, op tigrini, op farsi, op spuenesch. Zum Schluss ware mir op zéng verschidde Sproochen (...) Déi Communautéite si vun der offizieller Kommunikatioun zum groussen Deel net erreecht ginn. A wann een esou Leit, déi déi üblech Sproochen hei am Land schlecht verstinn, grad an enger Kris wëllt erreechen, da brauch een aner Instrumenter."