Radioen

On air

Espresso Beats  |  Blaudzun - Everything Stops

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ In memoriam Jay Schiltz

Radio 100,7

In memoriam Jay Schiltz

Vill vun eis woussten, datt de fréiere Chefredakter Jay Schiltz schwéier krank war, mee den Doud hat keng Plaz an eisen Iwwerleeungen. Bis de leschte Mëttwoch d'Nouvelle koum, déi der ganz vill mat dësem Saz ausgeschwat hunn: "De Jay ass dout"

auto_stories

5 min

De Jay Schiltz huet 16 Joer beim radio 100,7 geschafft, dovunner laang Joren als Chefredakter. Joren, an deenen hien net nëmmen de Radio, mee eis all markéiert huet. Markéiert duerch säin Humor, säi Laachen, seng Begeeschterung, seng Rou, seng Stëmm, seng Häerzlechkeet, seng Mënschlechkeet a seng Perséinlechkeet.

Et ass eis e Besoin mat enger Emissioun dir, Jay, nach eemol auszedrécken, wéi mer dech gesinn hunn an dech och an eise Gedanke behalen. D'Liewen ass ebe vergänglech, mee d'Erënnerung un dech wäert awer iwwerliewen.

De Journalismus, d'Trombonn an de Fussball

De Maurice Molitor an dem Jay seng Weeër hu sech méi dacks am Liewe gekräizt. Se hunn zesumme bei RTL geschafft. Trombonn war hiert Instrument, jo si haten dee selwechte Chargé fir Trombonn. Si hu sech beim radio 100,7 erëmfonnt. An de Fussball war eng Passioun. Dem Jay säi Veräin war Manchester United, an dem Maurice säi Bayern München.

"An du gouf et jo déi historesch Champions-League Final 1999 zu Barcelona, wou s du nach e puer Deeg duerno hees an ech nach wochelaang depressiv war. An op deen epesche Match hunn ech och ugespillt an deem leschte Message, deen ech dir virun e puer Woche geschriwwen hunn: Denk drun, datt een och nach wanne kann, wann een an der nonzechster Minutt 1:0 hanne läit."

Et war fir hien eng Freed, Papp ze sinn

D'Karin Kremer, fréier Directrice vum Mierscher Kulturhaus, huet mam Jay an de leschte Joren esou munch Cabaret-Projete realiséiert, mee denkt awer och un de Jay als Papp.

"Hien huet der gezielt, alles am Detail, wéi si éischt Stréckelen an de Schong konnte strécken, deen Houfert an déi Freed Papp ze sinn, dat war einfach esou beandrockend an emouvant."

Du hues de Mënsche Vertraue ginn

De Jay war d'Rou selwer. A wann et net gaangen ass, hat hien ëmmer e gutt Wuert prett, hien huet engem Vertraue ginn, an och engem säi Selbstvertraue gestäerkt.

De fréiere Programmchef vum 100,7 Claude Mangen huet mam Jay eben um Radio, mee awer och fir d'Bün zesummegeschafft, an hie beschreift de Jay mat dëse Wierder:

"Immens oppen, immens direkt, ech héiere seng Stëmm nach. Hie war e waarme Mënsch, open, mat engem groussen Häerz."

D'Françoise Medernach aus der Noriichteredaktioun huet de Jay a senger Pensioun nach begéint, no senger Museksprouf oder och um Fussball, an hie war déck zefridden a senger Pensioun, op déi hie sech immens gefreet huet.

"Hie war awer nach ëmmer deen Alen, hien hat nach ëmmer iergend e klenge Witz drop, ëmmer gäre gelaacht, och mol heiansdo nach eng kleng Anekdot vu fréier vum Radio erzielt. Tjo Jay, da gesinn ech dech elo net méi no der Prouf oder beim Fussball, mee ech wäert awer allkéiers un dech denken, wa mer géint Mamer spillen oder wann ech d'Musekskolleege gesinn erakommen e Patt huelen."

Kollegialitéit och a schwéieren Amenter

D'Sophie Morang war an der Zäit, wou de Jay Chefredakter war, Redactrie en chef adjointe an erënnert sech un d'Begriefnes vum 100,7-Journalist Jean Claude Wolff, wou de Jay wärend der Zeremonie e puer Wierder sot. En impressionanten Ament, betount d'Sophie Morang:

"An deem Ament war vill, wéi ech dech erlieft hunn, a wat dech ausgemaacht huet. Deng Kollegialitéit, och an engem schwéieren Ament, däi Sang-Froid, wann et gegollt huet ze assuréieren, däi Wuertwitz an deng Mënschlechkeet. Dat, wat ech am meeschte vun der zeréckbehalen, ass, datt s du dech selwer net ze eescht, net ze wichteg geholl hues, du wousst, wou deng Plaz am Universum war. An ech klauen dir elo einfach dee Schlusssaz, deen s de beim Wollef deemools sos: Äddi Jay, du waars net keen."

De fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides, vun deem de Jay agestallt gouf, sot, datt een als Direkter a Chefredakter wuel ëmmer e puer Divergenzen huet. Mee de Kontakt hu béid awer ni verluer, jo, si hunn esou nach Liesungen am Kinneksbond zu Mamer organiséiert a waren nach un engem Projet amgaang ze schaffen.

"Esou datt mir ëmmer nach a Kontakt waren, et deet mir ganz leed an ech si schrecklech traureg. Hien hat mir nach viru 14 Deeg an engem Mail optimistesch gesot, hie géif et paken."

"Temoins de la deuxième Géneration"

De Jay huet sech mat allem, wat hien hat, géint d'Vergiesse vun den Nazi-Atrocitéiten agesat an huet sech och bei den Temoins de la deuxième Génération engagéiert. Hie war dacks mat Schüler am KZ Auschwitz an et ass sécher am Jay sengem Sënn, wann een no enger Visitt zu Auschwitz seet: Et kënnt een anescht eraus, wéi een erageet.

Fir de Charel Goerens huet d'Lutte géint Vergiessen de Jay net lassgelooss, a wat hie besonnesch markéiert huet, war am Fong dat, wat d'Hannah Arendt genannt huet "Die Banalität des Bösen", an de Jay huet och seng Responsabilitéiten iwwerholl. Fir de Charel Goerens ass dem Jay säin Doud och perséinlech e grousse Verloscht.

"Et deet eis alleguerte wéi, ech hunn de Jay Schiltz laang kannt. D'Liewen ass ongerecht, et bleift villes vun him, säi Buch "Jakob Aschengänger", dat wat hie fir den Theater a Cabaret alles produzéiert huet, mee hie wäert eis feelen."

De Jay Schiltz ass net méi physesch do, lieft awer an de Gedanke vu Ville weider, an als leschte Saz, kann een am beschten nach emol widderhuelen: "Äddi Jay, du waars net keen."