Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Daniel Balthasar - Got What You Wanted

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rassismus am Lëtzebuerger Schoulsystem

Breaking the silence

Rassismus am Lëtzebuerger Schoulsystem

Institutionelle Rassismus am Lëtzebuerger Schoulsystem. Mat dësem Theema beschäftegt sech den Andy Schammo, deen op der uni.lu Erzéiungswëssenschafte studéiert. Fir op de Problem vu Rassismus opmierksam ze maachen, huet de Student de Projet "Breaking the Silence" konzipéiert.

auto_stories

4 min

"Op Instagram fënnt een ënner dem Hashtag "Breaking the Silence" eng Foto-Serie, déi den Andy Schammo initiéiert huet. Op all Foto ass eng jonk Persoun, dorënner en Text, dee Situatioune beschreift wéi dës:

"E Jong, afro-Descendant mat net wäisser Hautfaarf krut gesot 'Mengste datt s de mat där do Hautfaarf an de Klassik kanns goen?' Dat ass an engem Alter geschitt, wou een als Kand net richteg weess, wat do geschitt, mee wou ee weess, datt déi déifgrënneg aschneit an engem säi psychologescht Bild. Anert Beispill: .... wou Lidder gesonge ginn, wéi 'Zehn kleine Negerlein', wat absolut net méi zäitgeméiss ass. Dat war an enger Spillschoul, wou Kanner net verstinn, wat do geschitt. Just eben datt dat Kand, dat net wäiss ass, isoléiert gëtt, oder als anescht duergestallt gëtt."

Esou den Andy Schammo, Initiateur vum Hashtag Breaking the silence. De 27-järege Student beschäftegt sech fir seng Bachelor-Aarbecht mat institutioneller Diskriminéierung am Lëtzebuerger Schoulsystem. Hien ass iwwerzeegt, datt et bei der Problematik vum Rassismus groussen Handlungsbedarf gëtt. Esou wier et dëst Joer am Stater Athenée e Fall vu Blackfacing ginn - also wou e wäisse Schauspiller sech d'Gesiicht schwaarz fierft. D'Praxis kënnt aus den USA (Minstrels) an huet déif rassistesch Konnotatiounen. Den Ëmgang mam Fall huet fir den Andy Schammo gewisen, datt eng Kultur feele géif fir esou Situatiounen op eng konstruktiv Aart a Weis opzeschaffen.

"Et brauch e Perspektivewiessel"

Amplaz anzegestoen, datt ee sech där Saach net bewosst gewiescht wier, wier d'Direktioun awer an d'Defensiv gaangen.

"Et kann een ignorant handelen, mee wann een opmierksam gemaach gëtt, da muss een dat opschaffen a kucken d'Saach an Zukunft ze verhënneren."

Am edukative Secteur wier ee sech dem Problem vum institutionelle Rassismus wéineg bewosst, well d'Enseignantë selwer an hirem schoulesche Parcours wéineg duerch de System benodeelegt gi wieren, mengt den Andy Schammo:

"Déi Leit, déi an den Enseignement kommen, meeschtens sinn déi méi oder wéineger erfollegräich duerch de System gaangen. Dat heescht, wann ee selwer erfollegräich an deem System war, dann huet een nach vill méi d'Tendenz ze soen 'Ok, schwaach Kanner oder déi 'schwiereg Fäll', wéi een dat ëmmer seet, déi sinn de Problem an net onbedéngt de System, well ee selwer de System gepackt huet'. Do muss e Perspektivewiessel kommen an et muss ee soen: Fir mech huet et vläicht geklappt, mee fir anerer net, firwat ass dat esou?"

Net déi selwecht Ausgangspositioun

Et géif zum groussen Deel e Bild herrsche vun engem Schoulsystem, dee fair ass, wou all Kand déi selwecht Chancë kritt. Den Andy Schammo verweist op den nationale Bildungsrapport vun 2018, dee vun der uni.lu an dem Educatiounsministère publizéiert gouf.

"Eise Schoulsystem gëtt op en éischte Bléck jiddwerengem déi selwecht Méiglechkeete andeem en op déi selwecht Krittären evaluéiert (..) De Problem ass awer deen, datt net jiddweree mat der selwechter Ausgangspositioun ufänkt. Kanner mat engem Migratiounshannergrond, Kanner, déi doheem net Lëtzebuergesch als Mammesprooch hunn, déi fänke mat engem Retard u virum éischte Schouldag. A mir evaluéieren duerno zwar jiddwereen d'selwecht, mee wann een net déi selwecht Ausgangspositioun huet, dann ass de System awer net gerecht."

Dat wier och am nationale Bildungsrapport vun 2018 ganz kloer thematiséiert ginn. Do gouf festgestallt, datt Kanner, déi en net lëtzebuergesche sproochlechen Hannergrond hunn, tendenziell a méi "niddereg" Schoulrichtungen orientéiert ginn, wéi Kanner, déi Lëtzebuergesch als Mammesprooch hunn.

De Student, dee selwer wëlles huet Enseignant ze ginn, wëllt sech op verschidde Fronten engagéieren, och duerch Sensibiliséierung op soziale Medien; separat vum Studium schafft hien un engem pedagogesche Konzept iwwer d'Fro, wéi een anti-rassistesch Schoul hale soll. Well, esou den Andy Schammo:

"Eng Aart a Weis Schoul ze halen, wou net just eemol d'Joer am Viso-Cours (Vie et société) gesot gëtt, et ass wichteg, Kanner an Afrika ze respektéieren an heiansdo Fairtrade Schockela ze kafen, well dat eemolegt déngt kengem Mënsch. Mee datt een am Alldag aner Kulture valoriséiert, op Ënnerscheeder opmierksam mécht, ouni ze bewäerten, gewaltfräi Kommunikatioun, Konflikter léisen."