Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  L'Imperatrice - Danza Marilu Feat. Fabiana Martone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reaktioun op méiglech nei Mesuren

Nei Mesuren

Reaktioun op méiglech nei Mesuren

Fir de Fall, datt d'Infektiounszuele sech net géife verbesseren, huet d'Regierung nei Restriktiounen an Aussiicht gestallt. Déi entspriechend Texter goufen an der Chamber deposéiert. D'Deputéiert wäerte sech elo un d'Aarbecht maachen, de Staatsrot och, fir datt déi gesetzlech Dispositiounen ënner Ëmstänn schonn ufanks der nächster Woch kënnen am Plenum gestëmmt ginn. Wat soen d'Oppositiounsparteien zu de proposéierte Mesuren?

auto_stories

3 min

E Méindeg muss d'Chamber iwwer déi nei Mesuren ofstëmmen

D'Regierung sollt net behaapten, d'Parlament hätt déi Kéier méi Zäit wéi virun e puer Wochen, wéi et ëm d'Ausgangsspär goung, seet de Sven Clement vun de Piraten.

Den Timing wier nämlech grad esou enk wéi deemools. Mee datt d'Chamber elo un engem Text schaffe soll, deen ënner Ëmstänn ni zum Vott gestallt gëtt, fënnt hien u sech ganz an der Rei:

"Dat ass fir eis absolut onproblematesch. Dat ass esou, wéi et heiansdo soll sinn, wann een an engem ongewëssen Zenario ass."

CSV: nei Mesurë sinn néideg

D'Ongewëssheet hält sech an dësem Fall a Grenzen. Fir den CSV-Deputéierte Claude Wiseler ass et mat der aktueller Entwécklung vun der Pandemie kloer, datt en neie Gesetzestext an nei Moossnamen néideg sinn.

"Ech ginn dovun aus, datt d'Chamber elo an deenen nächsten Deeg op deem Text, dee mer virgeluecht kréien, hir Aarbecht mécht. An ech gi grad esou gutt dovunner aus, datt mer den nächste Méindeg deen Text ganz einfach wäerte stëmmen. Well esou wéi d'Zuelen ausgesinn, kann ech mer net virstellen, datt et anescht geet."

déi Lénk: huet d'Chamber genuch Informatiounen?

E Méindeg wier et et schlussendlech d'Chamber, déi eng Decisioun misst huelen, ob d'Situatioun sech verbessert hätt, oder net, seet de Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk.

"An do stellt sech fir eis déi nach ëmmer entscheedend Fro: hu mir dann iwwerhaapt all déi Donnéeën? Si mir iwwerhaapt als Chamber genuch informéiert fir déi doten Decisioun huelen ze kënnen? Ech géif mer et wënschen. Just, bis elo ass net esou verfuer gi mat der Chamber. An dat mécht d'Situatioun ganz komesch."

ADR: keng breet Restriktiounen

De Fernand Kartheiser sengersäits fënnt d'Situatioun op alle Fall besser, wéi wann de Premier mam État de crise géif droen. Den ADR-Deputéierten huet haaptsächlech inhaltlech Awänn géint d'Restriktiounen, déi vun der Regierung an d'A gefaasst ginn.

Well se nuancéiert der Tatsaach Rechnung droen, datt de Virus virun allem fir al Leit liewensgeféierlech ass. Dofir wier fir d'ADR déi kloer Prioritéit den effiziente Schutz vun eelere Leit ënner mënschewierdege Konditiounen. Et soll een d'Méiglechkeet vum Kontakt och net ausschléissen. Wann een déi ganz Bevëlkerung deene Restriktioune géif aussetzen, hätt dat och gravéierend Konsequenzen op d'Ekonomie an d'Finanzen.

Fermeture an der Horesca: just fir ADR en No go

De Lockdown an der Gastronomie, deen an Aussiicht steet, ass fir d'ADR zum Beispill en absolutten No go. Domat steet si, an de Reie vun der Oppositioun, awer eleng do.

D'CSV an d'Piraten hunn näischt dogéint, déi Lénk haten d'Fermeture vu Restauranten a Caféë scho viru Woche gefrot. Wichteg ass deenen dräi Parteien awer, datt vun Ufank u gekläert ass, wéi déi betraffen Horeca-Betriber gehollef kréien.

"Et kënnt ze spéit"

Op engem Punkt ass d'Oppositioun sech eens: d'Regierung sollt net maachen, wéi wa se déi Kéier besser virbereet gewiescht wier. Och dat, wat elo kënnt, kéim nees ze spéit.

An am Fong misste gläich e Méindeg scho Propositiounen op den Dësch kommen, wéi et nom 15. Dezember - där nächsten Deadline - kéint virugoen, seet d'Oppositioun.