Reaktiounen op d'Panama Papers

Lëtzebuerg spillt eng Roll am weltwäite System fir Verméigen iwwer de Wee vun Bréifkëschtefirmaen ze verstoppen. Mussen d'Regelen méi streng ginn, fir datt dobäi näischt Illegales geschitt? Do ginn d'Meenungen ausenaner.

Maxi Pesch / po

Letzebuerg.jpg
(©Service Information Presse)

Iwwer 11 Milliounen Dokumenter aus dem Archiv vun der Affekoten-Etude Mossack Fonseca krut d’Süddeutsche Zeitung virun engem Joer zougespillt. Aus hirer Enquête zesumme mam Internationale Konsortium fir Investigative Journalismus an Dosenden aneren Zeitunge weltwäit, geet ënnert anerem ervir, datt prominent Politiker a Funktionären hiert Verméigen iwwer de Wee vu Bréifkëschtefirmae verstoppt hunn.

Panama ass eent vun de wéinege Länner weltwäit, déi d’OECD-Regele fir den automateschen Informatiounsaustausch net respektéieren, betount den Direkter fir Steierfroen bei der OECD, de Pascal Saint Amans: All d'Länner hätte sech engagéiert, d'Bankgeheimnis a Steierfroen opzehiewen, ausser Panama. A vun do missten elo konkret Engagementer kommen.

Panama ass de Problem

De Lëtzebuerger Finanzministère wollt déi nei Revelatiounen an der internationaler Press net kommentéieren. Et wier een awer prinzipiell der Meenung, datt all d'Länner, also och Panama, d'Regele vun der OECD sollten applizéieren, sou ee Spriecher vum Ministère.

De Medieberichter no, hu weltwäit iwwer 500 Banken an Finanzinstituter bei den Offshore-Montagë vu Mosack Fonseca gehollef. An dat eleng wier och net illegal, esou den CSV-Deputéierten a Geschäftsaffekot Laurent Mosar. Réischt wann een esou eng Struktur fir Steierhannerzéiung oder Wäisswäsche vu Suen notzt, wier dat illegal. "Mee ech mengen, datt et vill Leit ginn, déi fir Steieroptiméierung op esou Instrumenter zréck gräifen", sou de Laurent Mosar. An dat wier eben u sech näischt Illegales.

Grad wéi den Oppositiounspolitiker Laurent Mosar, betount och déi gréng Fraktiounschefin Viviane Loschetter, datt Lëtzebuerg net zu deene Länner gehéiert, déi duerch d’Panama-Papers haaptsächlech am Viséier sinn. Mee Lëtzebuerger Banken an Affekote géifen als Intermediairen an dëse Montagë opdauchen, nuancéiert d'Viviane Loschetter. Déi blo-rout-gréng Koalitioun géif dowéinst elo a Rou analyséieren, ob wéi enge Punkten et eventuell nach Handlungsbedarf gëtt.

Lëtzebuerg ass Deel vum Problem

Effektiv spillt och Lëtzebuerg am Offshore-System mat de Bréifkëschtefirmaen eng Roll: Vun den 10 Banken, mat deene Mossack Fonseca am meeschten zesumme geschafft huet, sinn der véier aus Lëtzebuerg. Dorënner d'Banque Safra Sarasin an d'Société Générale. Un éischter Plaz steet d'BIL: Hir Filial "Experta Corporate & Trust Services" huet fir ronn 1600 Clienten iwwer Panama Bréifkëschtefirmaen uleeë gelooss. D’BIL-Filiale géif d’Behaaptungen aus den Dokumenter eescht huelen an d’Basis dovun elo analyséieren, heescht op Nofro hinn.

Fir den LSAP-Deputéierte Franz Fayot ass et keng Iwwerraschung, datt de Grand-Duché eng Haaptroll bei dëse Breifkëschtemontage spillt. D'Privatbanken zu Lëtzebuerg hätte vill räich Clienten, fir déi esou Servicer géifen ugebuede ginn.

Nei Regelen iwwerflësseg?

Bei den aktiivsten Intermediairë fir d'Montagë vu Mossack Fonseca ass de Grand-Duché op véierter Plaz, hannert Hong Kong, Groussbritannien an der Schwäiz. An dësem Beräich ass nach Sputt do fir besser international Regelen, seet de Pascal Saint-Amans vun der OECD: "Dorëms këmmere mir eis elo. An zwou Wochen ass de G20. Am Mee organiséiert Groussbritannien en Anti-Korruptiounssommet. An deem Kontext muss een driwwer nodenken, wéi een d'Operateure ka responsabiliséieren, fir datt se net op d'Bankgeheimnis oder geheim Sociétéiten zréck gräifen, wéi et se am Panama gëtt."

De gréngen Europadeputéierte Sven Giegold geet méi wäit a fuerdert, datt d’Banken, wéi et an den USA scho den Fall ass, bestrooft ginn. Dat wa se mat esou anonyme Sociétéiten zesumme schaffen. Eng Fuerderung, déi den CSV Députéierten Laurent Mosar fir iwwerflësseg hält. Schonn elo dierften d'Banken just nach mat Clienten zesumme schaffen, deenen hir Identitéit se kennen.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

euro.JPG
Steierflucht

Am Kader vun der Steierreform soll mat der "fraude fiscale aggravée" eng nei Infraktioun am Lëtzebuerger Steier-Strofrecht geschaf ginn, mat där ee sech och wéinst Geldwäsch​ ka strofbar maachen.

panama papers.jpg
Panama Papers

Journalisten hunn opgedeckt, wéi Politiker an aner Perséinlechkeeten hiert Verméigen iwwer Bréifkëschtefirmae verstoppen. Och Lëtzebuerg kënnt an de Montagë vun der Etude "Mossack Fonseca" vir.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen